Suzanne Heynen
Mir soen eiser léiwer Frëndin fir ëmmer Äddi.
Suzanne,
Du hues bal 40 Joer bei eis geschafft. Du waars ëmmer vun der Long op d‘Zong, a gutt am Knouteren, mä deng Häerzlechkeet war net ze iwwertreffen. Deng Präsenz an deng Perséinlechkeet wäerten eis feelen.
Denger Famill wëlle mir eist häerzlechst Bäileed matdeelen. Äddi Suzanne! Et war eng Freed, Dech kannt ze hunn, a mir wäerten Dech ni vergiessen.
Deng Frënn vun der Ligue HMC