Eng Fra ouni Kapp an der Noperschaft
Biergem. No der Summerpaus geet et weider mam Projet «E roude Fuedem duerch de roude Buedem». Dëse Weekend ass mat „Ouni Kapp“eng multilingual Lecture-Performance um Programm. D’Gepëspers vun enger Fra ouni Kapp schläicht sech duerch d’Noperschaft. Wat stécht dohannert? An dëser performativer Lektür vu jonke Schrëftsteller aus dem Maskénada-Kollektiv ginn intim Portraite vu lokale Figure portraitéiert. Si si markéiert vun Onsécherheet, Virwëtz, Roserei a Verrécktheet. Mat normbriechenden Texter ginn d’Facettë vun der Identitéit, Sexualitéit an dem Geschlecht duergestallt an erausgefuerdert, an dat op véier Sproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch). C.
Samschdeg, den 10. September, an Sonndeg, den 11. September, um 11.30 beim Kulturzentrum „Beim Nëssert“zu Biergem. Infos an Reservatiounen op:
www.maskenada.lu