Luxemburger Wort

„Däi Brudder hei war dout an hie lieft nees“

Die Frohbotsch­aft – 24. Sonntag im Jahreskrei­s

-

hirer un, an hien ësst esouguer mat hinnen!“Hien awer huet hinnen dëst Gläichnes erzielt: „Wie vun iech, deen 100 Schof huet an eent dervu verléiert, léisst net déi 99 an der Wüüst zréck a geet deem verluerene­n no, bis hien et fënnt? A wann hien et fonnt huet, dann hëlt hien et voll Freed op seng Schëlleren. Doheem rifft hien d’Frënn an d’Noperen zesummen a seet zu hinnen: ,Freet iech mat mir, well ech hu mäi Schof, dat ech verluer hat, erëmfonnt!‘ Ech soen iech: Esou ass och am Himmel méi Freed iwwer ee Sënner, deen ëmdenkt, wéi iwwer 99 Gerechter, déi et net néideg hunn, ëmzedenken. Oder wat fir eng Fra, déi zéng Sëlwermënz­en huet an eng dervu verléiert, fänkt net eng Luucht un, kiert d’Haus a sicht grëndlech, bis si se fënnt? A wann si se fonnt huet, da rifft si d’Frëndinnen an d’Nopeschen zesummen a seet: ,Freet iech mat mir, well ech hunn déi Sëlwermënz, déi ech verluer hat, erëmfonnt!‘ Esou, soen ech iech, ass och beim Herrgott sengen Engele Freed iwwer ee Sënner, deen ëmdenkt.“Du sot hien: „E Mann hat zwéi Jongen. Dee jéngste vun hinne sot zum Papp: ,Papp, gëff mir meng Deel!‘ Dueropshin huet de Papp d’Verméigen ënner hinnen opgedeelt. Et huet net laang gedauert, dunn huet dee jéngste Jong alles zesummegep­aakt an ass wäit fort an en anert Land gaang, wou hien säi ganzt Verméigen duerch e Liewen am Vollen dropgemaac­h huet. Wéi hien alles dropgekéie­rt hat, ass an deem Land eng uerg Hongersnou­t ausgebrach, an hien huet ugefaang, de Manktem ze spieren. Dunn ass hien higaang an huet sech bei engem Bierger aus deem Land verdangt; deen huet hien op seng Stécker geschéckt, fir d’Schwäin ze hidden. Gär hätt hien sech un de Scheeken, déi d’Schwäi gefriess hunn, sat giess, ma et huet keen him se ginn. Dunn ass hien an sech gaang a sot: „Wéivill vu mengem Papp sengen Doléiner hu Brout am

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg