Tëleesmass zu Habscht
Erëm eng Kéier invitéiert d’Par Äischdall-Helpert StWillibrord zur Matfeier vun der Sonndesmass aus der Nikloskierch vun Habscht. Zesummen wëlle mer äis um Sonndegmueren eng Stonn huelen, fir äis zesummen ze bieden an ze sangen, fir dem Härgott säi Wuert ze lauschteren a fir Eucharistie ze feieren. Eis Mëttelen si bescheiden, mä et geet jo net ëm dat Äusserlecht, mä et geet ëm eng inneg Bezéiung zu Jesus Christus. Dëse Sonndeg ass och de Weltdag vun de soziale Kommunikatiounsmëttel. An d’Tëleesmass ass ee Kommunikatiounsmëttel matdeem d’Kierch vu Lëtzebuerg versicht, vill Mënschen, besonnesch déi Eeler a Kranker ze erreechen. Duerfir ee grousse Merci un déi Responsabel am Bistum an och un d’Leit an der Technik, déi et erméiglechen, dass mer Sonndeg fir Sonndeg, och op dësem Wee, Eucharistie feiere kënnen. Et sief drun erënnert, dass d’Tëleesmass nëmme méiglech ass duerch déi vill Donateuren, déi dëst Mëttel vun der Evangeliséierung tatkräfteg ënnerstëtzen.