Bereet fir den Depart
D’ganz Gemeng Jonglënster freet sech op den Depart vun der zweeter Etapp vum Škoda Tour Luxembourg a Richtung Schëffleng. Mir sinn eng vëlosbegeeschtert Gemeng a vill vun den Awunner fuere scho mam Vëlo op d’Aarbecht – verschidde Pistë verbannen d'Dierfer mateneen.
Den Tour zitt all Joer déi grouss Vedetten un a garantéiert nees e vollen Erfolleg ze ginn. Ee vun de ganz grousse Fuerer an de 50era 60er-Joren huet eng kuerz Zäit zu Gonnereng gewunnt: De Charly Gaul, e Coureur deen eemol den Tour de France, zweemol de Giro d’Italia an dräimol den Tour de Lëtzebuerg gewonnen huet.
De Cyclissem huet och, dank eise fréiere Profien, de Bridder Schleck, dem Kim Kirchen an aktuell dem Bob Jungels a Kevin Geniets dem Vëlossport hei am Land e neien Opschwong ginn. Och dëst Joer wäerten d’Spectateuren op hir Käschte kommen. Mir sinn op alle Fall bereet de 14.9. fir den Tour bei eis ze empfänken a soen de Verantwortleche Merci, dat si Jonglënster als Ville Depart ausgewielt hunn. Ech wënschen allen eng flott Course an e puer flott Momenter an eiser schéiner Gemeng Jonglënster.
Vun Häerzen ass de Škoda Tour Luxembourg wëllkomm zu Schëffleng. Mir freeën eis op d’Arrivée vun de Cycliste a wënschen allen eng sportlech fair Kompetitioun. Schëffleng an de Vëlo, dat ass eng Successtory. De Pilier dovunner ass eise Vëlosclub – de LP07, een engagéierte Veräin mat enger 100-järecher Geschicht. Hei sinn e.a. de Ben Gastauer an de Kevin Geniets grouss ginn a lizenzéiert. Hir Performance verdénge Respekt an Unerkennung. Wor et viru Joeren de Ben, deen eis am Tour de France begeeschtert huet, esou ass et elo de Kevin.
Eis aktuell an nei Vëlospisten an der Uertschaft a ronderëm Schëffleng invitéieren zum Vëlofueren; beim Akafen oder fir sportlech aktiv ze bleiwen. Kleng a gréisser Vëlostier si méiglech, besonnesch, wann ee sech traut iwwert d’Grenze vu Schëffleng eraus ze trainéieren. Och de Mountainbiker fënnt flott an ustrengend Plazen a kann d’Natur genéissen.
D’Arrivée an d’Visitt vum Tour zu Schëffleng gëtt der kommunaler Vëloswelt sécherlech en neien Élan fir d’Zukunft. Mir freeën eis op d’Arrivée an op eng spannend Etapp. De Cycliste wënsche mir Gléck a Gesondheet.
Königsetappe
Tour-Präsident Andy Schleck analysiert die dritte Etappe: „Auf dem Papier ist dieses Teilstück ganz sicher das schwerste. Auf dieser vermeintlichen Königsetappe müssen nicht weniger als 4 000 Höhenmeter in Angriff genommen werden. Das kann man durchaus mit einer ekligen Tour-de-France-Etappe im Zentralmassiv vergleichen.
Michelsbierg, Huelewee, Um Knupp und Héndelbierg werden vielen Fahrern den Zahn ziehen. Vor allem aber ist die Strecke auf dem Weg von Rosport zum nördlichsten Punkt des diesjährigen Rennens und dann zurück nach Diekirch eigentlich nie flach. 20 Kilometer vor Schluss passieren die Fahrer bereits einmal im Ziel beim Schwimmbad.“jg