D’Vëlosnatioun schlechthin
Mir freeën eis datt de Škoda Tour Luxembourg no 2020 op en Neits bäi eis an der Gemeng RouspertMompech um Depart ass. Fir d’Profien um Start wäert dës Etapp sécherlech déi eng oder aner Erausfuerderung mat sech bréngen, eleng scho wéinst dem Terrain an eiser Gemeng.
All Vëlosfuerer, egal op grouss oder kleng, fënnt dofir bei eis säi Plaiséier, sief et um klassesche Course-Vëlo, um Mountain- oder um E-Bike. Et huet een de Choix tëscht enger méi gemittlecher Variant iwwer d’Vëlospist laanscht d’Sauer, flotte Weeër déi d’Uertschaften ënnert dem Bierg mat deenen um Bierg verbannen an eisem méi usprochsvollen Tudor Tour, deen et engem erlaabt, all d’Uertschaften aus der Gemeng Rouspert-Mompech an d’Stad Iechternach kennenzeléieren.
Lëtzebuerg ass d’Vëlosnatioun schlechthin an déi spannend Momenter um Tour de France dës Joer mat der excellenter Leeschtung vun eise Profi-Coureuren an der Victoire vun enger Etapp duerch de Bob Jungels, dréit nach zur Begeeschterung bäi.
Mir invitéiere dofir jiddereen häerzlech de 15. September bäi eis op Rouspert an de Sauerpark fir d’Cyclisten um Depart vun der drëtter Etapp fir op Dikrech ufeieren ze kommen. Alle Cycliste wënsche mir vill Erfolleg an eng onfallfräi Course!