Symbol vun engem Europa ouni Grenzen
Häerzlech Wëllkomm an der Gemeng Schengen, dem Symbol vun engem Europa ouni Grenzen. Zesumme mat der Stad Réimech begréisse mir dëst Joar den Tour de Luxembourg an der Gemeng. Nieft der grousser sportlecher Bedeitung vun der gréisster Vëloscourse aus der Regioun, profitéiere mir natierlech vun der Geleeënheet fir is Gemeng engem grousse Publikum virzestellen. Flott Landschafte mat Wéngerten, Koppen, Felder, dem Haff Réimech an der Musel sind déi optimal Kuliss fir spektakulär Biller an en sportlechen Ureiz fir eng spannend an héichklasseg Course.
E Contre-la-Montre ass eppes ganz Besonnesches a mir wiere frou wann och vill Leit un der Streck wiere fir d’Coureuren ze ënnerstëtzen. Ech soen den Awunner am Virfeld schonn e grousse Merci fir d'Versteesdemech fir déi Problemer déi am Verkéier, bzw. Transport erstinn. Mäi Merci geet och un d’Organisateuren an un d‘Stad Réimech.
Ech wënschen de Coureuren eng erfollegräich Course an dem Publik flott a sportlech Stonne laanscht d’Streck.
Michel Gloden Buergermeeschter
Schengen