Häerzlech Wëllkomm zu Réimech an op der Musel
Am Numm vun eise Bierger:inne begréissen ech Iech ganz häerzlech zu Réimech, do wou scho sou munch gréisser national an international Sportsmanifestatioune stattfonnt hunn.
No engem Joer Paus ass et dann och erëm un der gréisster Vëloscourse aus dem Land fir op Réimech ze kommen an dëst mat engem absoluten Highlight – dem Contre-la-Montre.
Partnerschaften am Sport sinn der Stad Réimech a mir perséinlech als Sportler ganz wichteg, well se ënner anerem ganz vill Opmierksamkeet mat sech bréngen. Nieft der Publicitéit iwwert d’Grenzen eraus, ass den Zentrum vu Réimech eng ideal Plaz fir eng Etapp ze starten an unzekommen. Op enger flotter Plaz hunn d’Supporteren d’Méiglechkeet fir d’Coureure ganz no ze erliewen an ze suivéieren. An dëser Vëlosferventen ginn et bei eis ganz vill, och well an der Vergaangenheet exzellent Cyclisten aus eiser Regioun ervirgange sinn.
E grousse Merci geet un d’Organisateuren a vill Erfolleg de Coureuren. Op eng flott an erfollegräich Course!