D‘Reilander Kiermes, e kathouleschen „Dinner for one“
Zur Gedenkfeier un eng Kierchewei fir e Gebai, deem viru de Weiestatus entzu gouf
Wien kennt e net? De Sketch „Dinner for one“, deen all Jar op Silvester op der Tëlee leeft a schonns Generatiounen zum Laache kritt huet. D‘Komik dobäi besteet jo doranner, datt déi 90jäereg „Miss Sophie“un hirer alljärlecher Gebuertsdagsfeier mat hire Invitéeë festhält, obwuel déi schonns laang all dout sinn, a si just nach un engem laangen Dësch mat lauter eidele Still esou mécht wéi wann.
Wat eis Mënschen de Gebuertsdag ass, ass fir eng kathoulesch Kierch d‘Kiermes (op Däitsch: Kirchweihfest). Op engem fir all Kierchegebai genee definéierten Dag gëtt un déi Geleeënheet geduecht, op där dat profaant Gebai duerch eng Wei zu engem sakrale Raum – enger Kierch – ginn ass. An des soi-disant Kierche-Gebuertsdagsfeier huet a ville vun isen Dierfer nieft deem reliéise Fest och zu engem weltleche Fest mat villen Traditioune geféiert.
Vum reliéise Point de vue aus ass also déi ursprénglech Wei d‘Grondlag, fir eng feierlech Kiermesmass op deem Sonndeg ze halen, sou wéi et d‘Regelen am réim.-kath. Festkallenner kloer festleeën. Deementspriechend sinn och elo am Hierscht hei nees eng ganz Rei Kiermessen ugesot, an et fënnt een op de Parblieder d‘Notiz, datt déi entspriechend Kiermesmasse sinn, wéi bspw. letzte Sonndeg an der Kathedral.
An sou liest een dann och um Parblat vun der Par Mëllerdall-St. Méchel fir de 16. Oktober „Feierlech Kiermesmass fir déi Reilander Leit“(an der Hiefenecher Kierch). Näischt Aussergewéinleches denkt een sech vläicht, mee de Punkt ass, datt d‘Reilander Kierch de 5. Mee entweit gouf. (Iwwregens ouni, datt een d’Bewunner virdrun informéiert hätt.) Et kann also och keng „Kiermes“– am reliéise Sënn – méi do begaange ginn, well dat Gebai ass entretemps een Deel vun enger Maison relais.
Datt déi Reilander Leit eng Mass kréien an och d'Griewer geseent ginn, ass jo verständlech, mee fir awer nach explizitt eng „Kiermes”-Mass ze halen, also zum Gedenken un d’Kierchewei, an dat fir e Gebai, deem viru véier Méint de Weiestatus vum Äerzbëschof entzu gouf, dat ass hei kee witzege Silvester-Sketch méi, mee eng Absurditéit vun der Pastoralequipe. Datt déi responsabel Gremie mat dem Paschtouer un der Spëtzt sech hei einfach geiert hätten, ass auszeschléissen, wëll si goufe schonns den 8. Juli an engem Bréif dorobber opmierksam gemaach.
Wat hei geschitt, ass net nëmmen een Aushillege vun der eigentlecher Bedeitung vum „Kirchweihfest“, well et gëtt wuel nëmmen aus Gewunnecht sou gemaach wéi wann, mee et ass och de Beweis, wéi wéineg Anung haaptamtlecht Kierchepersonal nach vun enger „Wei“resp. de Konsequenze vun enger „Entweiung“huet. Wat géing de Kardinol Hollerich soen, wann et och nach an deene Leedungsämter zu engem soug. „Kulturkatholizismus“kéim, bei deem ee just nach Saache feiert, well een et esou gewinnt ass? Oder ass et och am Äerzbistum wéi am SilvesterSketch „Same procedure as every year.“, ganz egal wéi d‘Realitéit ass? An deem Fall ass et just net méi komesch, mee tragesch.
Marc Linden,
Hiefenech