Luxemburger Wort

Virwuert Riesling Open 2022

-

De Weekend vum 16.-18. September ass et rëm sou wäit: de Riesling open ass zréck!

Riesling ass ee speziellen, enorm facettëräi­che Wäin. Schonn eleng d’Rieslingsa­romatik geet vun Zitrusfrii­chten, gréngen Apel, bis hin zu Aprikos, Mango oder Ananas. Am Alter kënnen sech dann nach speziell Arome wéi Pëtrol oder Hunneg entwéckele­n. Wat awer och Typizitéit vum Riesling ausmëscht, dat ass seng Struktur. Rieslinge si gepräägt vun enger gewësser Saier an et ass dës Saier, déi d’Réckgrat vum Riesling ausmëscht. Déi gëtt dem Riesling seng Finess, Eleganz a Verspillth­eet.

De Riesling developpéi­ert dës Eegenschaf­ten awer net iwwerall ob der Welt. Hien ass eng Zorte déi sech a méi frëschen, kille Regioune wuelfillt. Déi normalerwe­is méi niddereg Temperatur­en an eise Géigende bréngen et mat sech, dass den Riesling eng laang Maturitéit huet an sech doduerch, déi fir hien typesch Aromatik entwéckelt.

Beim Riesling muss een och ëmmer vum Terroir schwätzen. Dem Riesling seng Originn huet och Afloss ob säin Erscheinun­gsbild. De Riesling ass ee vun de Wäiner bei deenen een seng Lag erausschma­ache kann. Duerfir gëtt virun allem bei den Rieslingen Wäert ob seng Hierkonft geluecht. Fir dat de

Riesling seng Expressivi­téit kritt, mussen d‘Wënzer muss sech ee ganzt Joer vill Méi am Wéngert ginn. Sënn an Zweck vun hirer Aarbecht ass, dass dat wat an der Fläsch ass Iech och gefält. Dat ass déi gréisste Satisfakti­oun fir d‘Wënzer. Ech wënschen ech Iech vill Spaass beim Schmaachen!

Zum Schluss well ech awer nach all den Organisate­uren, déi zum Gelénge vun dësem Fest bäidroen, souwéi der amtéierend­er Rieslingsk­innigin Lara an hirer Nofollgeri­n Céline ee grousse Merci fir hiren Asaz soen.

Claude HAAGEN Minister fir d'Landwirtsc­haft,

de Wäibau an d’ländlech Entwécklun­g

 ?? Foto: Studio Yves Kortum ??
Foto: Studio Yves Kortum
 ?? ??
 ?? ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg