Luxemburger Wort

Léif Frënn vum Miseler Wäin, léif Leit alleguer

-

Mäin Numm ass Céline Max, ech sinn 20 Joer al an hunn déi grouss Éier dëst Joer als Ohner Wënzermeed­chen zur 23. Rieslingsk­innigin gekréint ze ginn.

Ech kommen aus dem Domaine Viticole Max-Lahr et Fils. Doduerch, dass de Beruff vum Wënzer an der Famill läit, hunn ech alles ronderëm de Wäibau scho vu klengem u gelieft an hëllefen doheem wou ech kann.

A menge véier Prinzessin­nejoer hat ech d‘Chance déi vill national wéi och internatio­nal Wäiner kennenzelé­ieren an nei Bekanntsch­aften ze maachen.

Rieslingsk­innigin ze ginn ass nach eng Kéier eng aner Saach. Elo ass et u mir, meng Prinzessin­nen, Sara Rinnen, Anne Kelsen, Tessy Marx a Lilli Hippert unzeféiere­n. Et ass mir eng Éier, eis schéi Regioun, eis Gemeng a virun allem de Miseler Wäin op deene ville Plazen am In- an am Ausland ze representé­ieren an d’Leit op de Goût vum Riesling bréngen ze dierfen.

Ech invitéiere­n Iech häerzlech freides, de 16. September 2022 um 20.00 Auer an de Wormer Centre Culturel, fir mat mir mäi Kréinungso­wend ze feieren.

Samschdes a sonndes hunn eis Wënzer zu Éinen, Wormer, Ohn a Meechtem hire Keller fir Iech op, wou Dir d‘Geleeënhee­t hutt de Wënzer hir bescht Wäiner ze schmaachen an ze kafen.

Kommt a léiert d‘Rieslingsg­emeen Wormer kennen a prost de 16., 17. an 18. September mat mir op de Riesling Open 2022!

Céline Max Rieslingsk­innigin 2022

 ?? ??
 ?? ??
 ?? ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg