„Dir kënnt net dem Herrgott déngen an an engems dem Mammon“
Die Frohbotschaft – 25. Sonntag im Jahreskreis
als dessen Verkünder und Apostel ich eingesetzt wurde – ich sage die Wahrheit und lüge nicht –, als Lehrer der Völker im Glauben und in der Wahrheit. Ich will, dass die Männer überall beim Gebet ihre Hände in Reinheit erheben, frei von Zorn und Streit.
Evangelium vum 25. Sonndeg am Joreskrees (Joer C / Lk 16, 1-13)
De Jesus sot zu senge Jünger: „Et war emol e räiche Mann, deen hat e Verwalter. Dëse Verwalter gouf bei him ugeklot, hie géif sengem Här säi Verméigen zur Fënster erausgeheien. Den Här huet hie geruff a sot zu him: ,Wat héieren ech do vun dir? Lee Rechenschaft iwwer deng Verwaltung of, well du kanns net méi mäi Verwalter bleiwen!‘ Du sot de Verwalter sech: ,Wat soll ech maachen, wa mäin Här mir elo d’Verwaltung ewechhëlt? Fir am Gruef ze schaffen, sinn ech net staark genuch, a fir ze heeschen, schummen ech mech. – Elo weess ech, wat ech maachen, fir datt d’Leit mech bei sech ophuelen, wann ech d’Verwaltung ewechgeholl kréien!‘ Hien huet all déi, déi bei sengem Här an der Schold stoungen,