Wat wëlle mer eigentlech?
Am „Luxemburger Wort“vum 9. September ass een Artikel ze liese mat der Iwwerschrëft: „Sparen, sparen, sparen!“A Kuerzfaassung, mär sollen 80 Prozent Strom duerch LED-Luuchte spueren, 60 Prozent duerch d’Ausschalte vum Standby-Modus, 50 Prozent duerch Elektrogeräter vun héchster Energieklass, 20 Prozent bei der Heizung, wann déi optimal agestallt ass, an sou weider. Mär sollen also ee Maximum u Strom spueren. Op där enger Säit soll alles gemeet gi fir Strom anzespueren, op där anerer Säit gëtt awer alles gemeet, fir dass d’Leit nach just sollen, mussen, däerfe mat engem Elektroauto fueren. Wéi wann dee kee Strom bräicht. Een Elektroauto ass bei senger Hierstellung alles anescht wéi klimafrëndlech, doriwwer gëtt natirlech nit gär geschwat. Seng Batterie huet villäicht een zweet Liewen, mee iergendwann huet si ausgedingt. Souguer wann d’Recycléiere vun där Batterie technesch méiglech ass, ass d’Fro, wéi vill Stoff kann een aus der Batterie eraushuelen, a wat fir enger Qualitéit, a wat fir enger Quantitéit, zu wat fir engem Präis an natirlech ënnert wat fir Ëmweltauswierkungen. Mol ugeholl, eng Cité vu 50 Heiser huet an all Stot een Elektroauto, deen all Dag geluede muss ginn. Wou soll dee Strom hier kommen? Kréie mer de Strom da rationéiert, wëll es nit genuch do ass? Lëtzebuerg ass zu 69,9 Prozent afhängesch vun däitschem Strom an do schwätzen se lo scho vun enger Stromkris a vun engem Blackout gëtt och scho gemunkelt. Wat wëlle mer eigentlech? Strom aspueren oder Elektroautoen? Danielle Blang,
Äischen