Heischtergrënner Kiermes
Heischtergronn. Am Joer 1948 hunn zwee couragéiert Männer aus dem Heischtergronn, fir en Harmonium kënnen ze kafen, de gesanglechen Hämmelsmarsch agefouert, deen 1950 duerch Instrumenter aus enger weiderer Famill verstäerkt gouf a bis haut besteet. Lo ass dofir e Sonndeg viru Mëchelsdag, de 25. déi 168. Kiermes mat dem 74. Hämmelsmarsch. Ëm 9.30 Auer ass an der aachteckeger Kapell eng feierlech Houmass gehal vum Paschtouer Marco Wehles aus der Por Öewersauer SanktPirmin. Gesonge gëtt se vu fräiwëllege Sängerinnen a Sänger aus de Nopeschdierfer. Des Mass gëtt gelies fir all lieweg a verstuerwe Lett aus dem Gronn a vum Camping. Duerno ass den traditionellen Hämmelsmarsch mat fräiwëllege Musikanten vu wäit a vu no. Jiddereen ass wëllkomm. Den Erléis ass fir dëst „Monument architectural et historique“hëllefen an der Rei ze halen. Dëst Joer hëllefe mer déi restauréiert Viischt Dier ze bezuelen. D' Kapell ass den dagduerch fir jiddereen op, dee kucke kënnt, oder e besënnlechen Ament well verbréngen. E Prospekt op franséisch oder däitsch ka matgeholl ginn. C.