Index jo … awer net méi esou!
Na also, do ass e jo erëm. Deen, deen zanter laange Jore bal verschwonne war, ass elo erëm voll am Gespréich. Vun deenen engen mat Schmäerzen erwaart, vun deenen anere gehaast … eisen Index. „Den Index ass gemaach fir déi kléng Leit“…, dës Floskel gëtt gäre vun de Politiker virun de Wale gebraucht, fir vill Stëmmen ze fänken. Dobäi ass dat eng ganz kapital Onwourecht, jo, souguer Bedruch um Wieler. Jiddereen, deen an der Schoul opgepasst huet beim Prozentrechnen, dee weess, dass 2,5 Prozent (also eng Indextranche) vun enger décker Pai méi ass wéi 2,5 Prozent vun enger klenger Pai. An anere Wierder, déi Räich ginn ëmmer méi räich an déi Aarm ginn ëmmer méi aarm. Mär wonneren eis, dass et hei am Land ëmmer méi Millionären, awer och ëmmer méi aarm Leit gëtt; den Index dréit e ganz weesentlechen Deel dozou bäi. Wann an engem Land eng bestëmmte Präisdeierecht ass, dann ass déi fir jiddereen am Land déi selwecht. Firwat kréie Leit mat enger décker Pai dann e villfacht all Mount bäi, vun deem, wat dee „klenge Mann“bäikritt? Gerecht wier et, en Duerchschnëttsloun ze schafen, tëschent dem Mindestloun an deem déckste Loun hei am Land an dovun dann déi 2,5 Prozent all Mount ausbezuelen an zwar u jiddereen dat selwecht. Beim aktuelle System kritt dee „klenge Mann“näischt bäi, mä e verléiert all Mount. Dass eis Regierung an der do Saach näischt ënnerhuele wäert, ass jo kloer, well do sëtzen der e lauter mat décke Paien. Et wier jo dann un eise Gewerkschaften, fir eppes ze maachen. Awer … naja, do sëtzen der och vill mat décke Paien (oder sinn déi villäicht och nach schwaach am Prozentrechnen?). Et gëtt nach eng aner Méiglechkeet, fir e gerechten a sozialen Index duerchzesetzen, an zwar emol erëm op Strooss goen … et wier mol nees un der Zäit.
Raymond Bofferding,
Esch/Alzette