Carmen Welter-Jander
Erënnerung un eng groussaarteg Sängerin an e wonnerbare Mënsch
Wéi Enn Mee d’Noriicht vum Doud vun der beschtbekannter Sopranistin Carmen Welter-Jander eis erreecht huet, hate mer Méi ze gleewen, dass d’Carmen net méi ënnert eis wär.
Wann d’Carmen eis mat sengem herrlech waarme Sopran begléckt huet, da ware mer all faszinéiert vun där Liichtegkeet an där Stralkraaft vu senger Stëmm.
No senge Gesangsstudien hei zu Lëtzebuerg huet d’Carmen sech nach zu Bréissel beim Jules Bastin, dem Gérard Souzay a spéider beim Robert Schollum vu Wien perfektionéiert.
Mir als Altstëmm war et gegënnt, wärend bäino 45 Joer solistesch mam Carmen kënnen opzetrieden. Dat waren onvergiesslech Stärestonnen.
All déi Joren hu mer mam Méchelschouer, ënnert der Leedung vum Gerry Welter, d’Mëtternuechtsmass a Sankt Méchel gesongen, zesumme mat eise Gesangsfrënn Camille Kerger, Tenor a Roby
Avis judiciaires et notariaux
Schiltz, Bass. An onvergiesslech si fir mech och déi herrlech Concerten „Au seuil de l’Avent“an der Kathedral, wou mer esou oft d'Éier hate matzemaachen, an dat ënnert der Leedung vum Chanoine René Ponchelet an dem JeanPaul Majerus.
Eemoleg war och dem Carmen seng herrlech Interpretatioun vu Spirituals.
Bei all sengem gesangleche Kënne
war d’Carmen eng immens bescheiden an zréckhalend Persoun, déi awer ëmmer dat richtegt Gespier hat, fir hir Gesangsschülerinnen a Schüler zu Ettelbréck am Conservatoire ze leeden, an hinne Mutt ze maachen, fir gesanglech eppes ze woen.
Net vergiesse wéilt ech och dem Carmen säin Humor a säin eemolegt Talent, eis all mat senge Witzen un d’Laachen ze bréngen.
Ech bedauere just, dass d'Carmen sech relativ fréi aus dem Concertsliewen zréckgezunn huet. Mir hätten nach gäre senger eemoleg schéiner Stëmm nogelauschtert.
Nach bis zum Schluss hat ech d'Chance, Kontakt mam Carmen ze hunn. An dofir sinn ech immens dankbar.
Donneschdes, de 29. September um 18.30 an der Méchelskierch ass eng Gedenkstonn fir d‘Carmen.
Wien d'Méiglechkeet an d'Zäit huet, ze kommen, ass häerzlech invitéiert.
Marie-Jeanne Klein