Chorale Fouhren
D’Chorale Sängerbond Fouhren gouf 1893 gegrënnt a feiert deemno gläich hiert 130-järegt Bestoen. Mat der frëndschaftlecher Ënnerstëtzung vun Sängerinnen a Sänger aus de Nopeschdierfer zielt eise Chouer 14 aktiv Memberen. Gären géife mir nei Sängerinnen a Sänger
an eisem Veräin begréissen fir zesummen och an Zukunft déi gesanglech Verschéinerung vun de Sonndesmassen, Hochzäitsfeieren, Begriefnisser an Kiermesmassen, sou wéi haut d’Kiermes zu Fouhren, kënnen ze gestalten.