Ech ginn d’Gefill net lass, dass d‘Mëttelschicht keng Lobby huet bei dëser Regierung.
+9,14%, Fligerticket: +27,15%. An och den Openthalt an engem Altersheem ass fir de besoten Zäitraum 4,68% méi deier ginn. D’Source vun dëse Präisser ass de Statec. Et brauch also keen un der Richtegkeet ze zweiwelen. Dat ass déi batter Realitéit am Hierscht 2022.
Ech stelle mir an deem Zesummenhang ëmmer méi d’Fro, wéi d’Leit et nach maache fir déi vill zitéiert zwee Enner zesummenzekréien. A virun e puer Deeg hunn och vill Leit Courrier krut vun hirer Bank. An dem Schreiwes gëtt ugekënnegt, datt de Prêt fir d’Haus an d’Luucht wäert goen. Dat kënnt elo derbäi bei déi generell Präis-Hausse.
Ech si vill ënnert de Leit an ech kréien iwwerall, wou ech an der Lescht hikomm sinn, de Leit hir Suerge mat. Hir Angscht, oder besser formuléiert, hir Existenzangscht.
An et si schonns laang net méi nëmmen déi kleng Leit, déi op mech duerkommen, mee och Leit aus der Mëttelschicht a Famillje mat Kanner. Ech ginn d’Gefill net lass, dass d‘Mëttelschicht keng Lobby huet bei dëser Regierung.
Zënter e puer Deeg gëtt et elo och erëm zolidd Beweegung um Maart vu Bensinn an Diesel. An d’Primm, mat där sech speziell déi Gréng extrem schwéier gedoen hunn, ass ausgelaf.
Mee et huet awer nun emol laang net all Mënsch de néidege Budget, fir direkt op een E-Auto ëmzeklammen, déi an der Moyenne 25-30 Prozent méi deier sinn. An den ëffentlechen Transport
ass nach laang net esou gutt, wéi den zoustännege Minister net midd gëtt ze soen.
Speziell am ländleche Raum ass dat schaffend Vollek op den Auto ugewisen, well den ëffentlechen Transport keng Alternativ ass an einfach vill ze onflexibel. Net jidderee kann et sech leeschten, fir ronderëm d‘Stad ze wunnen.
Komescherweis waren et Déi Gréng, déi well den 31. August (!) hir politesch Rentrée mat enger Pressekonferenz agelaut hunn. Si, déi gären hätten, datt am beschten all d‘Leit an E-Autoe sëtzen an/oder den ëffentlechen Transport notzen, hunn do op eemol d’Urgence no Mesure gejaut.
„Die Grünen fordern Soforthilfen“huet d'“Luxemburger Wort“den Dag drop getitelt. An am „Le Quotidien“huet et geheescht: „Les verts veulent d'autres aides et vite.“
„Die Energiekrise hat sich zu einer sozialen Krise ausgeweitet“, dat hunn déi Gréng och erausfonnt. Mat dëse Wierder ass hir Co-Presidentin zumindest am „Luxemburger Wort“zitéiert ginn. Mir als CSV ginn zënter Méint net midd ze soen, datt mir ewell voll an enger sozialer Kris sinn, déi Déi Gréng scheinbar elo eréischt entdecken.
Nach ee Wuert zum Thema Logement: Ausser dass do de Minister ausgetosch ginn ass, ass an där Hisiicht an dëser Legislaturperiod net vill geschitt. D’Präisser lafe weiderhi fort, an ëmmer méi Lëtzebuerger ginn an den Exodus a loossen sech an der Grenzregioun néier. Well se sech an hirem eegene Land keng Wunneng méi leeschte kënnen! An dat betrëfft net nëmmen déi kleng Leit, mee entretemps och eis Mëttelschicht.
Eng Kris ass ëmmer och eng Chance, eppes z’änneren. Eng Kris verlaangt ugepaakt ze ginn, wat mat de Moossnamen, déi an der Tripartite geholl si ginn, geschitt ass. Eng Kris verlaangt no Solidaritéit. An engem Land wou d’Schéier tëschent Aarm a Räich ëmmer méi ausernee geet, riskéiert dat ee Spagat ze ginn, deen net machbar ass.
Ech hunn och d’Gefill, datt mir op eng kollektiv Depressioun histeieren, déi mat der Corona-Kris hiren Ufank geholl huet an sech elo mat der Energiekris fortsetzt. Eent ass sécher: D’Nowéie vun der Pandemie an d’Auswierkunge vun der Energiekris wäerten, ob mir et wëllen oder net, Theme sinn, déi och d’politesch Aktualitéit d’nächst Joer weider wäerten dominéieren.
Nach ee Wuert zum Thema Logement: Ausser dass do de Minister ausgetosch ginn ass, ass an där Hisiicht an dëser Legislaturperiod net vill geschitt.
An am Juni ginn an deenen dann nach just 100 Gemengen nei Buergermeeschteren, Schäffen a Conseillere gewielt. An am Oktober eng nei Chamber. Also domatt eng nei Regierung. Egal aus wéi enge Parteien déi sech wäert zesummesetzen, wäert si et sinn, déi déi finanziell Auswierkunge vun deenen zwou Krisen op eist Land beschtméiglech muss geréieren. Dat wäert net einfach ginn.
Ech ginn an der Lescht d'Gefill net lass, dass déi gutt Zäiten eriwwer sinn. D’Beem wuessen op alle Fall schonns laang net méi an de blo-rout-gréngen Himmel ...
*
Den Auteur ass CSV-Deputéierten