Quo vadis Meedercher, Fraen a Mammen
Et brauch ee kee Bild ze mole fir ze verstoen, datt Meedercher a Fraen nach ëmmer diskriminéiert ginn. Ass dat esou, well Fraen hir Rechter net wëlle mat Gewalt duerchsetzen? Dat méi friddlecht Verhale läit an der Natur vun der Fra. Et ass d’Fra, déi vun der Natur bestëmmt ass, fir en neit Liewen ze ëmpfänken.
Eng schwanger Fra erlieft, ewéi fragil a schützenswäert Liewen ass. Instinktiv spiert si no der Gebuert, wat dee klengen hëlleflose Mënsch brauch. Mammegefiller, déi fir physesch a psychesch Wuelbefanne vum Puppelche wichteg sinn. A verschiddene Kulture ginn déi Kompetenzen, déi eng gutt Mamm huet, net esou respektéiert, an als hormonell Stéierung ugesinn. Datt d'Mënschheet déi Kompetenze vun enger gudder Mamm oder Fra braucht, hu mir beim Dout vun der Queen erlieft. Déi enorm Trauer vun de Britten ëm hir Queen, Mamm vun hirer Natioun.
Ech froe mech, wéi d’Liewe vun de Frae wier, wann exklusiv Fraen d’Soen an der Politik an an de Reliounen hätten. Ech denken u Virbiller, ewéi d'Madamm Angela Merkel an d'Mutter Theresa. Si hu Mënschen an Noutsituatioune gehollef an hunn hinnen en neit Doheem méiglech gemaach. Frae wëssen, wéi sënnlos e Krich ass. Si fillen, wat fir en onbeschreiflecht Leed dat fir Familljen a Gesellschaft bedeit. Konsequenze vun Zerstéierung an de Schued um Klima musse Generatiounen duerno nach erdroen.
Op eiser „Mutter Erde“fanne mir alles, wat de Mënsch brauch, fir komfortabel ze liewen. Mat de Ressource vun eisem Planéit gëtt d'selwecht ëmgaangen wéi mat de Fraen. De Planéit gëtt ausgebeut a mëssbraucht, fir de Wuesstem vum Kapital vun de räichen Natiounen ze garantéieren. Humanitéit bleift op der Streck.
Ass et net paradox, datt ech als Fra muss dankbar sinn, fir meng Meenung däerfen ze kommunizéieren? An aner Deeler vun der Welt géif ech dofir gestengegt, gefoltert, an de Prisong gestach oder doutgemaach ginn. Wéi laang kann eis Gesellschaft et sech nach leeschten, Kompetenzen an Talenter vun de Fraen auszegrenzen?
Dorothée Müller-Mathieu,
Schëffleng