Haupeschmaart Munzen Haupesch-Wochenende vom 4. bis 6. November 2022
Den Haupeschmaart hei zu Munzen ass e ganzt besonnescht Fest hei am Éislek, dat traditionell och fir d’Enn vun der Saison vum Tourist Center Cliärref steet an wou d’Joer Revue passéiere gelooss gëtt.
An d’Joer 2022 hat et an sech. An alle Beräicher wäert dat ganz gutt Joer 2019 getoppt ginn. Mat de bekannten Enkpäss um Aarbechtsmaart hu vill Erausfuerderunge misse gestemmt ginn an ech soen dem ganze Personal awer och de Membere vum Verwaltungsrot vun dëser Plaz aus e grousse Merci fir hiren Asaz.
E vun den Héichpunkte war ganz sécherlech d’Reouverture vun der Rackésmillen, déi eng Beräicherung vir d’ganz Regioun ass a méi wéi gutt vun den Awunner a Gäscht ugeholl ginn ass. Och op dëser Plaz gi mir eis als Tourist Center Cliärref vill Méi, mat allen Acteuren aus der Regioun zesummen ze schaffen an doduerch d’Regioun ze beliewen. Déi kleng ekonomesch Netzwierker
sinn immens wichteg fir d’Liewensqualitéit och an Zukunft hei uewen am Éislek ofzesécheren.
Eng ganz Rei vu Projete sinn dëst Joer an Zesummenaarbecht mat eise Partner weidergefouert oder ugepak ginn. Och hinnen dofir e grousse Merci. Ouni si wiere mir net do wou mir haut sinn. Allerdéngs muss een och ënnersträichen, dat op eis Verlooss ass a mir eis ni ze schued sinn, vir eng Hand mat unzepaken.
Ech wënschen Iech alleguer e schéinen Dag hei zu Munzen an dat dier e puer gutt Affäre maacht. A wann Iech nach e bëssen Zäit bleift, géif ech Iech e klengen Tour iwwert de Site vun der Robbesscheier proposéieren; da kënnt dir gesinn, wat alles eleng hei an dësem Joer geschitt ass.
Marie-Josée Jacobs, Presidentin vam Tourist
Center Clervaux asbl
Mam Haupeschmaart steet wéi all Joer erëm en traditionelle Rendez-Vous an der Gemeng Cliärref viran der Dier. Dësen as mëttlerweil wäit bekannt an zéit su mansche Visiteur aus dem Ländchen op Munzen.
Den Tourist Center Cliärref, zesame mat ville lokale Veräiner, maa sech eng Freed draus eech op dëser 33. Editioun ze begréissen.
Dëse Weekend fänkt jo well e Fregdeg mat engem „Träipenowend“an, e Samsdig den Owend gëtt d’Jugend Rendez-Vous op dem Haupesch-Bal an e Sonndeg ass den traditionellen Haupeschmaart, wu et an eisem eigentlich rouegen Duarref Munzen nëmme su va Liäwe wibbelt. Va wäit a no ass alles op de Been fir mat eis dat schéinste Hiärrestfest ze feieren.
De Munzer Haupeschmaart ass e flotte Brauch deen déi al handwerklich Beroufer rëm opliäwwe léisst, Et ass äwer o déi lest Geleeënheet viran de Wantermingt fir e grousse Maart a fräier Natur ze genéissen. Dëse Maart hatt ganz vill ze béiden, eng sëlliche Stänn presentéiren eech hir lokal a regional Produkter, fir Eessen a Gedrénks ass bestens gesuarrigt, a Spezialitéiten aus der Regioun
konnt der hei schmaachen a kofen.
Houfreg ass d’Gemeng dat si mat dem internationale Label „Cittaslow“eng Anerkennung kricht hat wu mir zesame mat eise Veräiner een héige Wäert op eis Traditioune leeën. Dozou gehéiert sich bei allen Aktivitéiten Méi ze giänn dat Lokalt an d‘Qualitéit van hei heem an d’Vitrine ze setzen, an et fiärdig ze kreien dem hektischen Alldag ze entfléien.
Ee grousse MERCI geet an d’Direktioun an d’Personal aus der Robbescheier su wi an all Veräin dee joran a joraus präsent ass fir eise Gäst engt breed an afwiässlungsräicht Angebot ze béiden.
De Weekend vam 6. November ass zu Munzen ganz sécher fir jiddereen eppes derbäi. Ech géif mech freeën Eech zu Munzen begréissen ze konnen, a mat Eech zesamen dëse flotte Maart ze genéissen.
Emile EICHER Buergermeester Gemeng Cliärref
vum Munzer Haupeschmaart de schéinen Norde vum Land an seng charmant Ecker entdecken. D’Éislek iwwerzeegt duerch seng intakt Natur, impressionnant Landschaften, souwéi seng Wandera Vëlosweeër, déi et engem erméiglechen eist Land op eng aussergewéinlech Manéier kennenzeléieren.
Ech felicitéieren dem Tourist Center Clervaux fir d’Organisatioun vum Haupeschmaart, deen en wichtegt Element vun eiser gastronomescher a kultureller Tourismusoffer ass. Besonnesch soen ech all deene Merci, déi mat vill Asaz an Häerzblutt un der 33. Editioun matgeschafft hunn.
Lex Delles Minister fir Tourismus