Schüler vum LTA a Liewensgefor
All Dag ginn zeg Schüler bei hiren Auto, ouni Trëppelwee, virun de Leitplanken iwwer de Makadamm vun der ganz staark befuerener N14 op e klenge Parking, well den ëffentlechen Transport jo net an all Duerf am Land fueren an zu all Stonn beim LTA zu Dikrech ka sinn. Wann awer eng national Schoul iergendwou an d’Landschaft gebaut gëtt, muss een sech bewosst sinn, datt do och Schüler mat dem Auto kommen. Da kann een net einfach nodréiglech e Vëloswee fir 2024 verspriechen oder iergendwann e Parkhaus bei der Dikrecher Schwemm virgesinn. Dat ass einfach lächerlech, respektlos a sech aus der Verantwortung gestuel. Dat hellegt Mobilitéitskonzept 2035 klappt hannen a vir net. An eng Navette vum Parking um Bloen Eck bis bei den LTA ass e Provisorium, deen nëmme begrenzt hëlleft. An eng Rolltrap oder e Funiculaire vun deem zukünftege Parkhaus bei der Schwemm am Joer 2035 kéinten och ganz attraktiv sinn. Elo awer aus parteilechen Iwwerleeungen d’Schüler zum Spillball maachen, ass onerhéiert. Deemools, wéi geplangt ginn ass, waren di eng um Rudder; et hätt een du scho kënne wëssen, datt Parkplazen och fir Schüler gebraucht ginn. Elo sinn anerer um Rudder, awer anscheinend gesinn déi genau sou wéineg an, dass och Schüler an engem gewëssenen Alter aus verschiddenen Ecke vum Land léiwer mat hirem Auto kommen, wéi all Dag bis zu véier Stonnen an diverse Bussen ze sëtzen. Jo an de Lycéeën an der Stad ass alles méi einfach, an di responsabel Politiker wäre gutt beroden, emol eng Kéier e ganzen Dag an e ländleche Lycée kucken ze goen. Et muss jo net onbedéngt zu engem Accident kommen, wann de gesonde Mënscheverstand matspillt. Gérard Bender,
Waldbëlleg