Den Déiereschutz brauch méi Hëllef
Et gi vill Baustellen an onsem Land. Ee Chantier, dee quasi net ernimmt gëtt, ass den Déiereschutz
D'Mënsche maachen sech et einfach a wann hiert Déier net méi an hire Planning passt, da muss et fort. Munch Läit hu valabel Grënn, mee anerer maachen sech et extrem einfach.
Mee d'Situatioun huet sech bedéngt duerch d'Pandemie, den Ukrain-Krich an d'Kris verännert. D'Waardelëschte vu Muppen, déi an d'Asile mussen, si säit dem Joer 2022 konstant laang bliwwen. Wann de Nowuess vu Streuner-Katzen elo am Fréijoer nokënnt, dann entstinn och nees Waardelëschte fir d'Katzen.
Kleng Asble maachen sech weiderhi fir d'Déieren d'Fangeren um Terrain knaschteg a kommen ëmmer méi zu der Conclusioun, dass mir séier eng Léisung brauchen a net réischt an e puer Joer. Et brauch een en Haus/Infrastruktur, wou een onvermëttelbar, al, krank Déieren, eng Zort „Gnodenhaus“oder „Altersheem“, kéint placéieren oder och emol fir maltraitéiert Noutfäll ënnerzebréngen.
Sou géif een nees an de bestoenden Asiler Platz schafen an et hätt een nees Fleegefamillen, déi kéinten en Déier ophuelen.
Muppen, déi scho x-mol trotz Training gebass hunn, missten, sou leed et engem deet, ageschléifert ginn. E Liewen an engem Zwinger ze verbréngen, ass och keng Solutioun fir e Liewewiesen. Déi, di elo haart jäizen, dass dat mam Aschléiferen net geet, kënnen sech gäre mellen, fir dës Muppen opzehuelen. An onsem Land feelt et un Traineren an och u Pensiounen, op déi ee ka schnell bei Noutfäll zréckgräifen. An onsem Land feelt et och un Infrastrukture fir grouss Déieren opzehuelen.
Wann een un e Mëllech-Betrib aus dem Süden denkt, deen am Mee 2022 zougemeet gouf an et eng sechs Jore gedauert huet, bis dass déi Déieren, de Stall verloossen oder verschiddene Kéi erléist goufen, do kann ee sécherlech net méi dat Wuert „Déiereschutz“oder „Würde eines Tieres“an de Mond huelen, wann een un dat lëtzebuergescht Déiereschutzgesetz denkt. Och do brauch ee méi Personal fir Kontrollen duerchzeféieren.
Där Mëllech-Betriber ginn et méi wéi een, wou Bauer an Déieren Hëllef brauchen, well d'Mënschen iwwerfuerdert sinn. Da gëtt een och aus de Nopesch-Länner ëm Hëllef gefrot, well d'Asiler voll besaat an d'Waardelëschte lang sinn.
En anere Punkt ass d'Justiz, wou Déieren heiansdo iwwer laang Zäit saiséiert ginn, fir herno awer nees zréck bei déi al Besëtzer ze kommen, déi nawell hir Probleemer (Sucht, Messi, Aggressivitéit ...) nach ëmmer net am Grëff hunn.
Mir, benevole Déiereschützer sinn an deem Fall d'Idiote vum Déngscht, andeems mir d'Déieren aus dem Misär/Knascht eraushuelen, a froen ons, wéi e Mënsch, dee säi Liewen net am Grëff huet, adequat no engem Déier soll kucken?
Säit 2022 ass d'Demande an d'Luucht gaangen, wou mir als Asblen Rechnunge bei Déierendokteren iwwerhuelen, bedéngt doduerch, datt Mënsche finanziell net méi amstand sinn, d'Käschte vun hirem Déier ze droen.
No enger Dose Joren am Déiereschutz kann ech confirméieren, dass mir méi Hëllef brauchen, wéi an der Zäit. Wann een eng Infrastruktur oder Zäit zur Verfügung huet, kann een sech gäre mellen.
Adela Fuentes,
Amiavy Asbl