Oppene Bréif un d'Direktioun vun der CFL
Als Client fillt sich den Auteur vum Lieserbréif fir domm verkaaft
Här Direkter a Membere vun der Direktioun, de 24. Januar war mäi Lieserbréif an dëser Zeitung erschingen zum Thema vun den Aarbechten um Schiebuergtunnel bei Kautebaach. Ech hat mer ënner anerem gewënscht datt d'CFL méi Transparenz un den Dag géif leeë bei den Aarbechten, well ech skeptesch war datt den Datum vu Mëtt Abrëll kéint agehale ginn. Kuerz dorop huet de Minister Bausch confirméiert datt alles genau dem Plang no géif goen. De 6. Februar huet d'CFL dunn nach eng Kéier offiziell betount datt sech d'Passagéier keng Suerge maache sollten, de Planning géif sécher agehale ginn.
De 16. Mäerz gouf dunn op emol annoncéiert datt d'Aarbechte lo awer mindestens sechs Wochen nach méi laang géifen undaueren. D'Wieder wier Schold, an ausserdeem hätte vill méi Buerunge misste gemaacht gi fir dat labbert Gestengs mat Beton ze stabiliséieren. Gläichzäiteg gëtt et lo een neie Problem bei Bierden (nördlech vun Ettelbréck), wou fragiliséierte Steen eng Gefor duerstellt. D'Leit am Süde wäerten denken datt d'ganz Éislek deemnächst an de Koup fält!
Et erënnert een sech zeréck un Oktober/November lescht Joer, wou jo och nach laang gesot gouf datt d'Streck Mëtt Dezember rëm géif opgoen, fir et da sechs Méint an d'Zukunft ze setzen. Ech verstinn net wéi d'CFL sou ee mangelhafte Planning a Kommunikatioun mam Public kann hunn. Wosst een de 6. Februar wierklech nach net datt et vill méi laang géif daueren? Firwat dann annoncéieren datt alles an der Rei wier?
De Problem bei Bierden ass och schonns säit engem Joer bekannt. Mam Reen ass de Problem akut ginn, dat stëmmt. Et war awer ze erwaarden datt et an deenen nächste Méint oder Joer een dringende Problem géif ginn. Firwat dann net di zwee Problemer – Schiebuerg a Bierden – gläichzäiteg léisen? Jo, dat kascht Zäit, ma da sinn d'Problemer op mannst aus der Welt geschaaft. Iwwregens, gëtt et nach aner Aarbechten déi ee lo an engems maache kéint? Et wier flott wann d'Streck ausnamsweis net rëm wochelaang am Summer zou wier (wou se da jo schonn d'ganzt Joer war).
Wann mer schonns lass geluecht hu mat lästeren, hei nach e puer aner Bemierkungen. D'L10 Busse vu Clierf komme praktesch op d'Minutt genau zu Ettelbréck un, wann de Bummelzuch fort fiert (6:26). Ass dat sou geplangt? Ech kann Iech versécheren datt d'Clienten dat net lusteg fannen. No sechs Méint kéint een do villäicht den Horaire änneren. Vill vun de Busse fueren ëmmer nach duerch Clierf, amplaz dee méi séiere Wee iwwer den Deel vun der Transversale ze huelen dee schonns fäerdeg ass. Vu datt d'CFL hei jo den Opdraggeber ass, kéint Dir dat un d'Busbedreiwer weider ginn? Sou awer schéngt et wéi wa kee responsabel wier. Gëtt eppes gemaach fir datt dat neit Stellwierk zu Miersch net sou oft Problemer huet mat deenen ale Bummelzisch? U munchen Deeg sinn d'Retarde katastrophal, an alles wéinst engem techneschen „Upgrade“. Firwat gëtt d'Statistik verschéinert andeem e Retard vu fënnef Minutten net zielt? Firwat ginn di sëllegen „trains supprimés“bei där Statistik net mat gezielt? Also onendlech Retard ass rëm kee Retard?
Als Client fillt een sech fir domm verkaaft. Jo, den ëffentlechen Transport ass gratis, ma ech géif léiwer 600 Euro am Joer bezuele fir een uerdentleche Service ze hunn.
Gréiss aus dem vergiessenen Norden, Nicolas Polfer,
Maulesmillen