Scheckiwwerreechung
Fraen A Mammen Yolande Veinen spenden fir humanitär Hëllef am Jemen
Veianen. Di bekanntste Geschicht aus dem Chrëschtentum ass d’Gläichnis vum Baarmhäerzege Samariter: „Den Nächsten ass all Mënsch, deems de begéins an deen an enger Noutsituatioun ass.“Dës, mi wéi 2 000 Joer al Geschicht, ass d’Basis vum deeglechen Zesummeliewen.
Et ass net iwerdriwe fir ze behaapten, datt d’Fraen a Mammen, mat hire sëllechen Aktivitéiten, déi Mënschen an Noutsituatiounen zegutt kommen, dës Grondlag mi wéi soss e lokale Veräin behäerzegen. Nodeems bekannt gouf, datt 63 ukrainesch Familljen, haaptsächlech Fraen,
Kanner a Jugendlecher an der Veianer Jugendherberg logéiert wieren, ass net laang gezéckt ginn fir hinnen, net nëmme mat Kleeder, Kannersaachen, Spillsaachen an hygieneschen Artikelen ënner d’Äerm ze gräifen, mä si och an dat gesellschaftlecht a soziaalt Liewe vu Veianen ze integréieren. D’Schicksal vun den ukrainesche Leit mobiliséieren zënter dem Ufank vum Krich eng ganz Rëtsch vun Hëllefsorganisatiounen a fräiwëlleg Hëllefer. Mee leider gëtt et zënter Joren, och op villen anere Plazen an der Welt, gewaltsam Konflikter an Oormout, déi riskéiere vergees ze ginn. Am Jemen herrscht zënter Joren ee vun de schlëmmsten humanitäre Katastrophe vun der Welt. Leider fënnt de Jemenkrich kaum Notiz an der westlecher Ëffentlechkeet.
Dofir war déi traditionell Scheckiwwerreechung wärend der Generalversammlung vun de Veianer Fraen a Mammen, fir humanitär Hëllef am Jemen bestëmmt. Net manner wéi 4 000 Euro, Recette vum Adventsmart, goufen u Médecins sans Frontières gespent.