Vill Luef fir d’Chorale Weiler & Haassel
53. Generalversammlung beim Gesangveräin
Weiler. Ufanks Februar war fir de Kommitee vum Gemëschte Chouer Weiler & Haassel op en Neits Geleeënheet, alle Sängerinnen a Sänger mat dem Dirigent Horatiu Dragan an der Organistin Simone Appelbaum-Goebel, de Mataarbechterinnen a Mataarbechter an den ageluedenen Autoritéiten am Festsall „ An Huef“eng ausféierlech Bestandsopnam ze ënnerbreeden.
D‘Haaptversammlung gouf agelaut vun der Presidentin Josée Schlammes-Krier mat enger Gedenkminutt fir déi Enn Januar verstuerwen Adèle Reichling, als trei Sympathisantin bei all gréisserem Ereegnes un der Säit vum Gesangsveräin dobäi. Hir onbegrenzt Unerkennung fir d’Bestriewe vun der Chorale, bei jidder Ulass hiert Kënnen ënner Bewäis ze stellen, sträicht d’Riednerin besonnesch ervir. En décke Merci riicht si och un d’Adress vun de Vertrieder vun der Gemeng a vun der Kierchefabrick fir hir onentbierlech Ënnerstëtzung, finanziell a logistesch, Joer fir Joer.
Am Bilan 2022 goung de Rapporter Änder Welfring a senger Power-Point-Presentatioun, mat Biller illustréiert, op dës Terminer an: Tëleesmass, Éischtkommiounsfeier, Hochzäitsfeier zu Weiler, Festakt fir den Nationalfeierdag a fir d‘Journée de Commémoration, fënnef Begriefnesfeieren, Cäciliefest a Chrëschtmetten, nieft dem alljärleche Normalprogramm. D’Grillfest de 17. Juli war nees e vollen Erfolleg. Auszeechnunge vum Piusverband kruten d’Claudine Reuter-Lentz, d’Monique Theisen-Sonntag an d’Simone Appelbaum-Goebel iwwerreecht. Ausser de Sonndesverflichtungen am Rhythmus vun all 14 Deeg an de gewinnte Feierdeeg verweist de provisoresche Kalenner 2023 op eng Rei Zeremonien a Festakten, esou d’Tëleesmass den 23. Abrëll. Donieft mécht d’Chorale mat bei verschiddene Manifestatiounen um Gebitt vun der Gemeng Weiler-la-Tour.
Eng gesond Finanzsituatioun, an allen Eenzelheete virgestallt vun der Finanzcheffin Claire Theisen an exakt kontrolléiert vun de Reviseurinne Claudine Metzler-Conradt a Georgette Folschette-Kasel, erlaabt et dem Veräin, nieft de gängegen Ausgabe verschiddentlech e soziale Projet ze ënnerstëtzen. Bei senge 16 Membere genéisst de Kommitee vollt Vertraue fir e weidert Mandat.
D’Bereetschaft vum Weiler Gesank, all kierchlech Déngschter duerch méistëmmege Gesank ze verschéineren, lueft de Porverwalter Pit Faber mat Nodrock. Och dee sozialen Engagement ass e wäertvolle Bäitrag an eiser Gesellschaft. De Buergermeeschter Vincent Reding freet sech iwwer déi gutt Zesummenaarbecht mam Gesangsveräin a stellt fest: beim Erënneren un déi Bierger aus eisen Dierfer, déi eis déi lescht Méint fir ëmmer verlooss hunn, gëtt eis all Kéier nees bewosst, wéi séier d’Rad vun der Zäit dréint.
No de villsäitegen Ausféierungen, als leschte Punkt op der Dagesuerdnung, dee gesellegen Deel mat engem gudde Maufel an engem sëffege Patt a gewinnt flotter Stëmmung.