Student fir 1 Dag op Ouschteren
Entdeck deng zukünfteg Studentestad!
Du bass Schüler op enger 1ère oder 2ème a wëlls studéiere goen? Du weess awer nach net wou a wat? Da mell dech un fir de „Student fir 1 Dag“, deen d’Acel an der Ouschtervakanz tëschent dem 1. an dem 14. Abrëll, a Collaboratioun mat Voyages Emile Weber, Luxair, der Uni.lu an de Lëtzebuerger Studentecerclë, organiséiert.
D’Lëtzebuerger Studenten, déi fir de Moment do liewen an och studéieren, stinn dir e ganzen Dag laang mat Rot an Dot zur Säit a kënnen dir all méiglech Froe ronderëm d’Studéiere beäntwerten.
Dëst Joer hues du d’Méiglechkeet 23 verschidden Universitéitsstied a siwe verschidde Länner kennen ze léieren. D’Acel organiséiert den Transport an 21 verschidde Stied.
Bei de Stied, déi mam Bus ugefuer ginn, gesäit de Programm folgendermoossen aus: Den Depart ass entweder um Park&Ride Bouillon oder zu Ettelbréck um Parking Däichhal.
Fir déi Stied, déi mam Fliger ugeflu ginn, woubäi et sech em Berlin, München a Wien handelt, ass den Treffpunkt um Findel
Bei Fribourg (CH) an Innsbruck muss den Transport op Eegeninitiativ organiséiert ginn. Och an dëse Stied fënnt den „Student fir 1 Dag“a Form vun engem interessanten Dagesprogramm op der Plaz statt.
Fir Berlin, München a Wien huet een awer och d’Méiglechkeet, selwer säin Transport z’organiséieren a sech direkt an der Stad um Treffpunkt mam Studenten
Acel
– De Studentevertrieder
Fir weider Informatiounen: www.acel.lu/sf1d | contact@acel.lu cercel zesummen ze fannen. Nom Treffpunkt an der jeeweileger Stad, geet et lass mam Dagesprogramm, deen aus enger Visitt vum Campus, der Bibliothéik a vun anere wichtege Gebaier vun der Uni oder Héichschoul besteet. Duerno gëtt sech an der Kantin oder an engem Restaurant fir de weidere Verlaf gestäerkt, éier et da mat enger Visitt vun der Stad weidergeet.
Wärend dem ganzen Dag huet een d’Méiglechkeet, Froen zum Studium, Studenteliewen a Wunnengsméiglechkeeten ze stellen.
Interesséiert? Da mell dech ënnert sf1d.acel.lu un.
Mee denk drun: First come, first served!
Programm 2023
01.04 Stroossbuerg & Fribourg (CH)
03.04 Bréissel, Saarbrécken an Innsbruck
04.04 Bonn
05.04 Nanzeg, Zürech a Wien
06.04 Freiburg a Belval (Uni.lu)
11.04 Léck, Maastricht a Tréier
12.04 Oochen a Berlin
13.04 Köln, Düsseldorf a Kaiserslautern
14.04 Karlsruhe, Heidelberg, Amsterdam a München