Kaweechelcherskuddelfleck Zu gudder Lescht ...
Iwwert esou munch extra lëtzebuergesch Wierder, mee net, wéi een se kacht
Et gëtt dacks als DAT lëtzebuergescht Wuert par excellence bezeechent, d’Kaweechelchen. Mee et gëtt nach vill anerer, déi änlech speziell sinn. Fir d’éischt awer emol kucke mer eis un, wat et mat deem Wuert op sech huet. Et gëtt kee mythescht prehistorescht a gigantescht Kaweechel, vun deem dëst Wuert kéint kommen. D’Situatioun ass e bësse wéi am Däitschen, wou et och keen Eichhorn, mee en Eichhörnchen gëtt (woubäi et am Al- a Mëttelhoudäitschen en Eichhorn gouf). Am Däitsche kéint een da mengen, datt d’Wuert méi transparent wier an eventuell eppes mat enger Eech an engem Har ze dinn hätt, mee wat? Kaweechelcher hu keng Haren an se ginn och net nëmmen op Eechen.
Vu falsche „Fährten“
Beim houdäitsche Wuert Eichhörnchen handelt et sech ëm eng sougenannte Volleksetymologie, déi awer wuel net nëmmen däitsch, mee zum Deel och scho germanesch gewiescht muss sinn. Als Volleksetymologie bezeechent een am Jargon, wann e Wuert u senge Bestanddeeler net méi erkannt gouf an dann nach e puer Saachen derbäigesat gi sinn (oder, méi rar, och emol ewechgefall sinn), fir dëst Wuert nei ze interpretéieren. Am Lëtzebuergeschen ass dat zum Beispill de Fall beim Bambësch, dee kee Bësch mat engem (eenzelen) Bam dran ass, mee de Bësch, dee bei den ale Bann gehéiert huet. Dono, wéi de Bann net méi déi administrativ Relevanz vu fréier hat an duerch d’Gemeng ersat ginn ass, ass de Bësch sou ëmbenannt ginn, wéi en haut och heescht, well an engem Bësch jo tatsächlech och Beem stinn. An dat net nëmme ronderëm d’Stad: Als Flouernumm fënnt een dacks e Bambësch, mee och nach Bannbëscher. De Bounepaartsgäertchen zu Stadbriedemes wier och esou e Kandidat. Hei geet et net ëm Bounen a Paarten, mee et ass e Jardin de Napoléon – mam Patronym Bonaparte.
Vum Wackelen ouni Haren
D’Wuert Eichhörnchen huet also näischt mat engem Har ze dinn, deen Deel ass also derbäierfonnt ginn, an iergendwann am Mëttelalter, wéi vläicht geduecht ginn ass, datt sou ee Kaweechelchen awer relativ kleng ass, ass dunn eng Diminutivendung derbäigesat ginn, sou wéi et se och am Lëtzebuergesche gëtt. Den éischten Deel fënnt een zwar als Homophon mat anere Wierder fir Eechen am Germaneschen dorënner och am Al-Islänneschen, woubäi et awer op d’mannst fréier do guer keng Eeche gouf. Dat heescht, hei stécht eppes anescht derhannert: nämlech eng Verbalwuerzel, déi d’Tatsaach ausdréckt, datt eppes sech wibbeleg beweegt, also hin- an hierwackelt. Dat passt dann net nëmme sproochlech, mee och reell, well jiddereen, deen se well live gesinn huet, ka bezeien, datt déi kleng Déiercher nawell schëtzeg ënnerwee sinn. Et kéint awer och eventuell als dat Déier, dat vill mam Schwanz wackelt, ze erkläre sinn, mee do géingen et der awer vill, déi sou misste benannt ginn, wann dat effektiv d’Benennungsmotiv wier. Mee wat huet dann elo dat houdäitscht Eichhörnchen mam lëtzebuergesche Kaweechelchen ze dinn?
Den Nëssknéckert an de Batterséiss
D’Lëtzebuergescht kennt vill Bezeechnunge fir d’Kaweechelchen, ënnert anerem den Nëssknéckert – e Wuert, datt ee vum Opbau hier gutt verstoe kann – an de Batterséiss, wat awer éischter eng figurativ Bezeechnung ass; den Numm kënnt nämlech aus dem Méchel Rodange sengem Reenert. Donieft ginn et awer virun allem vill verschidde Formen, déi all iergendwéi wéi Kaweechelchen klengen an awer iergendwéi net ganz: Kaweechelek, Kuéischlek a Kaweecherchen, fir der nëmmen e puer ze nennen. Am leschte Wuert steet en
Null-Null-Kaweechelchen
Deen hënneschten Deel vum Wuert wier da mat der Parallel zum Nidderdäitschen erkläert, mee wéi ass et da mam éischten Deel? Et ass markant, datt am Rheinischen Wörterbuch esou vill änlech Formen ernimmt ginn. Nieft Kaweichelchen och Kabeichhörnchen a Kauerrätzchen. D’Konsonante /w/ a /b/ ginn heiansdo e bëssen Hand an Hand, well se änlech phoneetesch Eegenschaften hunn. Dat kéint een also och hei mengen, mee dat géif den Ufank vum Wuert awer nach net wierklech erklären. Nieft enger germanescher Variant gëtt et awer och an anere Sproochen (déi méi no mam Germanesche Famill sinn) Wierder fir Kaweechelchen (an änlech Déieren), déi all op en Urwuert zeréckzeféiere sinn, sou wéi dat litauescht veverìs. Och dat laténgescht viverra gehéiert heizou, bezeechent awer e Frettchen. An de lëtzebuergeschen Dialekter gesäit een dann och Formen, déi net mat engem
Mat Madèreszooss
Där „extra-lëtzebuergesch“Wierder gëtt et der méi: Däischter gëtt z. B. gären amplaz vun donkel benotzt, obwuel béid germanesch sinn an an deene meeschte germanesche Sprooche verschidden Nuancë vun Donkelheet bezeechnen. Séier wier och sou e Kandidat, woubäi dat Wuert u sech mam houdäitsche sehr gläichzesetzen ass. Wann een eppes vill mécht, dann eventuell och dacks a mat vill Vitess.
E Wuert, dat awer heiansdo vergiess gëtt, ass de Kuddelfleck, virun allem och, well dëse Plat hautdesdaags manner beléift ass wéi fréier. Och an dësem Fall gëtt et déi eenzel Bestanddeeler vum Wuert am Houdäitschen oder an anere germanesche Sproochen. D’Wuert Kutteln ass virun allem a Süddäitschland gebräichlech an d’Wuert Flecke virun allem am Osten – se bezeechnen awer prinzipiell dat selwecht. De Lëtzebuerger Plat allerdéngs war wuel esou wichteg, datt een en „doppeltgemoppelt“huet misse benennen: Kuddelfleck. Ob do Madèreszooss oder eng aner derbäi war, huet fir d’Benennung vum Plat keng grouss Roll gespillt.
Oft mécht een dacks
Heiansdo héiert een och, datt een net oft, mee dacks sollt soen, well dat méi Lëtzebuergesch wier. Ass dat dann och wierklech esou? Wann een sech de germanesche Kontext ukuckt, zu deem d’Lëtzebuergescht jo gehéiert, da fënnt een eraus, datt dëst Wuert (also Frome vun oft) an alle germanesche Sprooche virkënnt an och nach bal ëmmer d’selwecht kléngt. Et hat schonn am Urgermaneschen e kuerzen /u/, deen am Lëtzebuergeschen d’office als kuerzen /o/ stoe bliwwe wier. Datt den /t/ hannert dem /f/ bliwwe wier, ass ganz einfach doduerch ze erklären, datt et eng endungslos Form war. Et erkennt een zum Beispill den Ënnerscheed tëscht Steen (sg.) a Steng (pl.), well am Singulier keng Endung hannendrustoung an am Pluriel schonn. Et kéint een och Land a Länner vergläichen, och wann do eng Endung steet. Et wier also och méiglech, datt d’Wuert (oft) am Lëtzebuergeschen einfach schonn ural wier, geneesou, wéi et méiglech wier, datt et aus dem Houdäitschen erëm geléint wier – et kann een et hei also net sou genee soen. D’Wuert dacks, op där anerer Säit, gëtt et sou am Houdäitschen net (méi). Donieft gëtt et am Lëtzebuergeschen awer och d’Form ouni -s, dack, déi méi al ass. Hei stécht tatsächlech d’Adjektiv déck (houdäitsch: dick) hannendrun.
Wann een dann an eeler däitsch Dictionnairë kuckt, da fënnt een awer och Wierder wéi dickmals fir oft oder – méi en aalt Wuert – dickamol. Et ass dës eeler Form, mat deem dicka (eng mëttelalterlech Nieweform vun dicko), déi d’phonologesch Viraussetzung fir dat lëtzebuergescht Wuert dack duerstellt. Wéi genee sou e Bedeitungswandel gemaach ginn ass, bleift onkloer, mee et kéint een sech eng Notioun à la „et mécht een eppes oft, also mécht een et a groussem Ëmfang“virstellen. D’Adjektiv déck konnt fréier och einfach just eng grouss Mooss bezeechnen. Sou heescht et jo zum Beispill och: Ech hunn dees déck sat. D’Wuert dack(s) ass also eng Erneierung, eppes, wat sech eréischt sekundär entwéckelt huet a wat et zum Deel och am Däitsche gëtt resp. gouf. Den /a/ amplaz /i/ ass awer méi Lëtzebuergesch, obwuel dat och zum Deel an e puer vun de muselfränkeschen Dialekter virkënnt. Flott ass, datt een dack an oft hautdesdaags einfach niewenteneen am Lëtzebuergesche benotze kann, eemol dat eent, eemol dat anert.
Vu Stëbssuckeler an Deckelsmouken
Et ginn där Wierder nach e Strapp méi, an d’Fro ass ëmmer, wéi vill Gewiicht een hinne gëtt. E Wuert wéi Stëbssuckeler gëtt gären als déi méi lëtzebuergesch Versioun vu Staubsauger duergestallt. Allerdéngs ass dëst Wuert nëmmen sou al wéi den Apparat, deen et bezeechent – also net al. En ass eréischt um Enn vum 19. Joerhonnert erfonnt ginn. Beim Wuert Deckelsmouk kann een awer nu wierklech net soen, datt et eppes bezeechent, wat eréischt rezent er
fonnt gouf. Schildkröten, also Deckelsmouken, gi jo net nëmme bekannterweis zimmlech al, mee et gëtt där Zort vun Déieren ewell e Strapp op der Äerd. Beim Wuert ass et awer anescht: Et ass immens markant, datt et dëst a kengem vun deenen alen Dictionnairë gëtt donieft awer och keng Forme vu Schildkröt. Obwuel Schildkröten an Europa am Mëttelalter an der fréier Neizäit esouguer giess gi sinn, schéngt et esou, wéi wann et se zu Lëtzebuerg net gouf. Oder alt net genuch fir an der Sprooch en direkt Relikt ze hannerloossen. ... ass et awer u sech just wichteg, datt een déi Wierder versteet, datt een sech mat deem engen oder aneren identifizéiere kann an datt e
Choix och als ee vu ville méigleche gewierdegt gëtt. Schlussendlech ass a bleift d’Lëtzebuergescht eng Sprooch mat engem germanesche Gabari. Keent vun deenen ale Wierder, déi et am Lëtzebuergesche gëtt an déi vu kenger anerer Plaz hier geléint sinn, gëtt et net och an iergendenger Form an enger anerer germanescher Sprooch: entweeder an enger moderner oder enger, déi ewell ausgestuerwen ass. Et gëtt se awer net onbedéngt a genee där Bedeitung oder mat genee deem Zipfel – fir net ze soen Affix – vir- oder hannendrun. Donieft ginn et awer och schéi lëtzebuergesch Wierder, déi et sou net an anere Sprooche gëtt, déi ganz nei a ganz flott sinn.
* Den Dr. Sam Mersch schafft als Sproochhistoriker am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch.