„Nein, wir wären nicht hungrig, nackt und nüchtern“
Ganz vill Bauere waren op der Strooss, wat beweist, wéi schlecht et dem Secteur geet, seet den Auteur
Ech wollt de Leitartikel vum 18. Januar, geschriwwe vum Här Thomas Klein, net einfach sou onkommentéiert stoe loossen.
Ech froe mech, ob den Auteur kee Fachwëssen huet, oder einfach mol direkt mat der Ausso vu 400-PS-Traktere vu vir eran eng negativ Stëmmung géint d’Bauere beim Lieser wollt provozéieren. 400-PS-Traktere sinn an der westeuropäescher Landwirtschaft ganz rar.
Ganz vill Bauere waren op der Strooss, wat beweist, wéi schlecht et dem Secteur geet. Wann een d'Solidaritéit vun der Populatioun gesäit, da weess ech nit, ob ee vill iwwer d'Aart a Weis, wéi demonstréiert gouf, diskutéiere muss. D’Bauere ware frëndlich, si hu keen Dréck hannerlooss, si hu Rettungsgaasse gebilt an hu keng Police an och keng Politiker bedrängt. Wann een d’Videoe vun de Bauere gesäit, déi op der Fär stoungen, op där den Här Habeck war, da geséit een, dass do ni ee wollt d’Fär stiermen an dass och keng Gefor fir den Här Habeck bestoung.
Wat mir opgefall ass, dat ass, dass verschidde Medien an och Regierungsparteien an Däitschland probéiert hunn, d’Baueren an de rechten Eck ze drécken, fir de Réckhalt an der Bevëlkerung ze briechen. Gaalgen opzeriichte mam Verweis op Politiker, dat iwwerschreit natierlech eng rout Linn. Villäicht sinn déi jo och geduecht, fir un de schrecklech héijen Taux u Suicidë bei de Baueren ze erënneren?
Et muss een och mol erklären, dass d’Stéieren op de Gefierer an d’Taxen um Sprit u sech och dofir do sinn, fir de Stroossebau ze finanzéieren an dass d’Trakteren de gréissten Deel vun der Zäit eben net op der Strooss ënnerwee sinn.
D’Politik ass am gaangen, d’Liewensmëttelproduktioun an Europa ëmmer méi zréck ze fueren, wat ganz negativ Konsequenze fir d’Natur an op sozialem Niveau ausserhalb vun der EU mat sech bréngt.
Villäicht si mir hei an Europa (sou laang mir eis Wirtschaft bis dann nit géint d’Mauer gefuer hunn) dann nach sat, ugedoen an ugedronk, mee an aner Deeler vun der Welt sinn dann nach méi Leit hongerich, plaackisch an niischter.
Dëst ass eng Reaktioun zum Leitartikel „Nein, wir wären nicht ,hungrig‘ nackt und nüchtern“vum 18. Januar 2024.