Wie kann hëllefen, wann ech e Betrib wëll iwwerhuelen
Villen Entreprisen zu Lëtzebuerg feelt et oft un engem direkten Nofollger, deen d’Geschécker vun der Firma iwwerhuelen a leede kann. Dës Betriber sinn awer ganz oft gesond Betriber mat Potential fir Zukunft. SNCI: En ideale Partner fir Berodung a Léisunge
Beispill fir sou e Betrib ass d’Schlässerei zu Berbuerg, déi vum Christian Cortina a Sven Kinnen iwwerholl gouf.
Zwee couragéiert a kompetent Entrepreneuren, déi sech entscheet hunn, sech an d’Direktioun vun enger Firma als eegene Patron z'engagéieren.
Ganz eleng hunn si dat awer net gemaach. Si konnten nieft hirer Bank och ob aner Partner, esou wéi d’SNCI, Société Nationale de Crédit et d’Investissement, zeréckgräifen.
Begeeschterung, Fachwëssen a Finanzplang
Et ass wichteg, dass d’Repreneure vun engem Betrib e komplette Finanzplang duerleeën, deen de Budget vun der Reprise festsetzt an déi finanziell Situatioun vum Betrib an enger ganz detailléierter Planifikatioun virgesäit.
De Finanzement vun der Entreprise kann aus enger Kombinatioun vun Eegekapital, Bankkredit, Subventiounen, Investisseuren oder aner Finanzéierungsforme bestoen.
D’SNCI versicht, fir d‘Finanzéierung vun esou engem Projet en Equiliber tëschent dem Deele vum Risiko an dem Kofinanzement mat de Banken ze fannen.
Déi zwee Associéë konnte vum Programm proTransfer vun der SNCI profitéieren, dee genee dofir do ass fir bei der Transitioun vun Entreprisë mat Kreditter a Berodung ze hëllefen.
„D’SNCI ass e vertrauensvolle Partner an huet mir a mengem Associé vertraut, wéi et drëms goung, eis beim Iwwerhuele vun der Firma finanziell ze hëllefen. Natierlech hate mir en zolitte Business-Plang deposéiert, deen se iwwerzeegt huet an deen och nach haut gëllt“, esou de Christian Cortina.
Héich motivéiert sinn, fir eppes ze beweegen!
D’Schlässerei zu Berbuerg ass en Handwierksbetrib mat enger gudder Renommée, deen op d’Produktioun vu Metallprodukter spezialiséiert ass. Si maa
SNCI Luxembourg
che Gelänneren, Dieren, Mauerofdeckungen a Rampen ... op Mooss, fir Privatleit, wéi och fir Betriber.
D’SNCI hëlleft den Entrepreneuren hir Firma opzebauen, ze developpéieren an ze innovéieren, oder wéi hei, e Betrib ze iwwerhuelen. Wann och Dir e Projet fir eng Entreprise hutt, da kann d’SNCI Iech, zesumme mat Ärer Bank hëllefen. Kontaktéiert eis direkt oder online. „D’SNCI ass e vertrauensvolle Partner an huet mir a mengem Associé vertraut, wéi et drëms goung, eis beim Iwwerhuele vun der Firma finanziell ze hëllefen.“Christian Cortina
7, rue du St Esprit – L-1475 Luxembourg (Ville-Haute) Tel.: 00352 46 19 71 1 | www.snci.lu