Vun „achelen“bis „Zankert“– 117 quant jéinesch Wierder
D’Lakersprooch gehéiert zum immateriellen nationale Patrimoine an ass och duerchaus nach lieweg als Deel vum Lëtzebuergesche bis haut
A sengem Virwuert zum kierzlech publizéierte Band 5 vun der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“mam Titel „Kuff d’Schmull an dibber nobes!“schwätzt den Unterrichtsminister Claude Meisch vum Jéineschen, der Lakersprooch oder dem Lakerschmus, als enger „Facette“an der Lëtzebuerger Sprooch mat engem „besonnesche Flair“. schiddlech Wuerzelen iwwer e grousse Sproochraum verspreet sinn. Et ass eng originell Mëschung vu verschiddenen Aflëss, déi awer zesummen eppes ganz Eegenes erginn. Dës Händler- a Geheimsprooch baséiert op engem germanesche Grondstack, dee vill Wierder vun anere Randgruppen, wéi Jiddisch, Hebräesch oder Romani opgeholl huet. Heibäi hat besonnesch dat Nidderdäitscht, als Verkéierssprooch vun der Hanse e ganz staarken Afloss.
D’germanesch Grondstruktur vun der Lakersprooch fousst um Lëtzebuergeschen an huet dobäi „e spezielle lëtzebuergesche Gabarit“. D’Wuert „jéinesch“, wat esou vill wéi „schlau“heescht, ass op d‘Verb „dsan“d. h. „wëssen“aus dem Romani zréckzeféieren, deemno géif sech dat dann esou erklären: „Een, deen eppes weess, deen ass schlau“. De Begrëff „Lakert“ass en Hiwäis op d’Laken, also d’Läilecher, mat deenen d’Jéiner hir Karen iwwerspaant hunn.
Fir de Sam Mersch ass d’Jéinescht „e wonnerschéint Beispill fir de Ma
D’Jéinescht ass eng ausdrocksstaark Sprooch mat ville Metapheren.
tenee vu Spriecher an enger Sprooch, fir de sproochlechen a kulturellen Austausch“.
Et ass jiddefalls eng absolut luewenswäert Initiativ vum ZLS, mat senger neister Publikatioun zum Jéineschen dës originell a pittoresk Sprooch, déi haaptsächlech an de Faubourge vun der Stad Lëtzebuerg verbreet war, engem méi breede Public, op eng richteg flott Manéier (erëm) zougänglech ze maachen. Am Lektorat huet de Roman Pansin, en ausgewisene Kenner vum Jéineschen, deen d’Sprooch och nach fléissend schwätzt, sécherlech mat e wäertvolle Bäitrag geleescht.
Am Buch ginn 117 ausgewielte jéinesch Wierder presentéiert, faarweg an humoresk illustréiert, meeschtens alphabetesch, awer och emol theematesch (iwwer Querverweiser) sortéiert, kuerz erkläert an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat. Dat meescht si bezeechnenderweis Nomen, donieft och e puer Verben, Adjektiver, Riedensaarten an Zuelen. Dobäi gëtt et all Kéier déi wichtegst grammatesch Angaben zur entspriechender Wuertaart, Synonymmer, awer och Hiwäiser op d’Etymologie vun de Wierder, zousätzlech Informatiounen zum Kontext a konkreet Beispillsätz. Eng entspriechend Auswielbibliographie rënnt dësen absolut gelongene 5. Band vum „Lëtzbuerger Wuertschatz“of – jiddefalls en ideale Kaddo fir d’Feierdeeg fir all déi, déi un der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur interesséiert sinn!