Äddi Irma, a Merci fir däi Bäitrag zur Beräicherung vum Duerfliewen zu Bëschrued
De 27. Januar huet d’Irma KriepsOlsem eis am Alter vu 95 Joer fir ëmmer verlooss. Wéi d’Irma e puer Deeg duerno begruewe gouf, hat den Himmel agreabelt Wieder geschéckt a passend duerzou hunn d’Villercher déi éischte Fréijoerslidder geüübt. D’Irma, wat säi Liewe laang enk mat der Natur verbonne war, hätt sécher säi Gefalen dorunner gehat.
Vill Leit haten sech um Kierfecht versammelt, fir dem Irma e leschten „Au revoir“ze soen. E groussen Deel vu senger Klientel huet awer schonn am Himmel drop gewaart, fir d’Irma do ze empfänken. Ee grousse Merci un de Pater Flammang mat senger Equippe, déi souwuel um Kierfecht wéi och an der Kierch déi treffend Wierder fonnt hunn, fir dem Irma säi Liewenslaf korrekt ze beschreiwen.
D‘Aarbechten um Feld, am Gaart an an de Bëscher hunn zum Irma sengem Liewe gehéiert. Och wéi d’Irma schonn déi 90 passéiert hat, huet si sech nit beschwéiert, fir no all Stuerem den Trakter un ze kéieren, an dann ass een Tour duerch d’Hecken an d’Bëscher gemaach ginn, fir ze kontrolléieren, ob nach alles an der Rei wär.
Vir un allem awer war dem Irma seng Missioun als Wiertsfra bei ville Leit aus dem Duerf an aus der Ëmgéigend bekannt a beléift. Beim Irmchen stoung d‘Dier fir Jiddereen op. Jonk an Al hunn sou munch agreabel Stonnen do verbruecht.
Ech gehéieren zu deenen, déi Sonndes no der Mass do déi éischt Erfarungen am Keelespillen a mat der Kaart gemaach hunn. Ech ka mech nach gutt drun erënneren, datt de „Paräiser Usch“(Eugène Krieps) gesot huet: „ Maacht, datt der all léiert Kaart spillen, sou laang der jonk sidd. Wat maacht dir soss, wann der eng Kéier al sidd, an dir kënnt et nit?“
Wa Fester „beim Krieps“gefeiert goufen, da waren d’Leit aus dem Duerf gefuerdert. Kuelebrennesch Flora hat de Kommando an der Kichen. E puer Fraen oder jong Meedercher stoungen him zur Säit oder hunn am Service gehollef.
Wiertsleit haten et an der Zäit nit ëmmer einfach. Afgesinn dervun, datt et dacks no engem laangen Aarbechtsdag owes spéit ginn ass, iert d’Luuchte konnten ausgemaach ginn, sinn esou munch Spiichte gedréit ginn.
Vum „héiere Soen“weess ech, datt viru laanger Zäit eng nit alldeeglech Aktioun um Kiermesfreideg passéiert war. Nodeems déi deemoleg Bëschrieder Jugend hier Kiermesbotz bei sech afgeschloss hat, hunn si sech beim Irmchen getraff, fir sech do a Kiermesstëmmung ze bréngen. No en etlechen Humpe gouf da gefrot, ob et nit un der Zäit wier fir d’Kiermesham ze schmaachen. Vum Irma gouf dat natierlech kategoresch afgewisen mat der Bemierkung, datt beschtefalls de Stronk kéint no der Kiermes op den Dësch kommen, virausgesat, datt nach eppes géing iwwerreech bleiwen.
Domadder konnt d’Jugend awer nit zefridde sinn. No villem hënn an hier, hunn zwéi Komeroden erkläert, an deem Fall géifen si dann eeben heem eng Ham siche gouen. Si hunn och doropshin d’Wirtschaft verlooss, sinn awer nit heem gaang, mä ganz lues zur Hausdier (déi jo ni zougespaart war) eran an hunn d’Ham aus der Haascht matgeholl. Du gouf nach e bësse gewaacht, iert et dann zréck an d’Wirtschaft goung, wou déi ganz Gesellschaft inklusiv den Usch an d’Irma sech d’Ham gutt schmaache gelooss hunn. Ee besonnesche Luef soll vum Irma komm sinn: „D’Ham ass vun exzellenter Qualitéit, eis ass nit besser“. Wéi den Dag duerno alles opgeflunn ass, war d’Irma natierlech nit frou, an awer gouf de Virfall séier vergiess, wëll den Usch an d’Irma nit nodroend waren.
Haut erënnere mir eis nach gären un déi „gutt al Zäiten“wou d’Sonndesmass nach am Duerf war an den „obligatoreschen Aperitif“beim Wiert duerno derzou gehéiert huet. Zënter 2011 war d’Irma a Pensioun an d’Wirtschaft war zou. D’Irma huet awer nach doheem gewunnt, bis et vir un engem Joer op Réiden an d’Altersheem geplënnert ass, fir do de Rescht vu sengem Liewensowend ze verbréngen.
Mam Irma Krieps-Olsem gouf den 31. Januar 2024 nit nëmmen eng fläisseg, éierlech a jovial Persoun begruewen, mee och ee Stéck Bëschrieder Duerfgeschicht. Merci Irma fir Alles.
Mer vergiessen Dech nit.
Jean Ferber,
Buschrodt