D’Expo als Erliefnes
Zesumme mat de Fachleit aus de Beräicher Museologie an Zeenografie gouf gekuckt, wéi de ganze Sujet am beschte ka presentéiert ginn. Fir d’Ausstellung méiglechst interessant ze gestalten, gouf op e Konzept gesat, bei deem net just Pannoe mat Informatiounen dohigestallt ginn, mee bei deem en Zesummespill vu verschiddenen Elementer entsteet. Pannoe mat Text gi kombinéiert mat Ecranen, op deenen ee Medieninhalter ka consomméieren. Dobäi kommen dann nach interaktiv Elementer, bei deenen d’Leit animéiert ginn, matzemaachen, an déi derfir solle suergen, dass se mat der Sprooch a Kontakt kommen an iwwerdeems eng positiv Erfarung hunn. Dat Ganzt a véier Sproochen, fir dass d’Sprooch net zur Barriär gëtt.
Interaktiv Elementer fir unzepaken, Audioe fir ze lauschteren, Videoe fir ze kucken an Texter fir ze liesen, a Kombinatioun mat moderne Faarwen a Formen, sollen derfir suergen, dass d’Visitt vun der Expo e veritabelt Erliefnes gëtt, bei deem verschidde Sënner an den Asaz kommen. D’Zil ass et, de Visiteuren a Visiteusë bewosst ze maachen, dass d’Sprooch eis alleguer betrëfft a mir alleguer Deel vun enger komplexer Sproochesituatioun hei am Grand-Duché sinn.
D’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ass am Juni 2023 eng éischte Kéier presentéiert ginn an ass duerno op den Tour gaangen. Bis elo war se eng Dose Mol a Centre-culturellen, an Turnhalen, a Shoppingzenteren an a Schoulen uechter d’Land an deels doriwwer eraus ze gesinn. En Halt zu Arel weist, dass den Interessi net just hei am Land, mee och an der Groussregioun do ass. De Kalenner fir 2024 ass elo scho quasi voll an déi éischt Statioune fir 2025 stinn och scho fest.