Den Harry Potter kann och Lëtzebuergesch
D’Lycéeë sinn eng wichteg Zilgrupp vun der Expo. D’Ausstellung ass esou konzipéiert, dass Quatrièmë sech ouni Problem mat der Thematik kënnen auserneesetzen. De Lëtzebuergeschcours op der Quatrième bitt sech natierlech fir eng Visitt vun der Expo un. Vill Klassen hu sech virun der Visitt och scho mat enger Partie vun de Sujeten beschäftegt. Déi Jonk kënnen da méi aktiv un de Visite-guidéeën deelhuelen, well se verschidden Theemen an Ausstellungsstécker scho kennen. D’Schüler an d’Schülerinne kënnen och meeschtens ganz gutt op Froen äntweren. Et kënnt zwar alt emol vir, dass dann dat éischt Schrëftstéck op Lëtzebuergesch am Joer 1829 fälschlecherweis vum Bob Meyer an net vum Antoine Meyer publizéiert gouf an den Deputéierten C. M. Spoo viru Geriicht eng Ried op Lëtzebuergesch gehal huet an net an der Chamber, mee vum Fale léiert ee jo goen.
Et koum och scho vir, dass Schüler a Schülerinne paff waren, wéi se d’Bicher iwwer den Harry Potter an déi vum Albert Camus op Lëtzebuergesch gesinn hunn. Wat et haut awer alles gëtt! Beim Dialektquiz war et dann och alt emol un de Mataarbechter a de Mataarbechterinnen aus dem ZLS, déi d’Visitten assuréiert hunn, fir paff ze sinn, wann déi Jonk op Anhib zwee oder esouguer dräi Dialekter der richteger Uertschaft op der Kaart konnten zouuerdnen. Et soll nach ee soen, déi Jonk géife sech net fir d’Theema Sprooch(en) interesséieren!
Interessant ass et och, dass beim Theema Méisproochegkeet eigentlech an all Klass op d’mannst eng Persoun festgestallt huet, dass et net esou evident ass, eng Äntwert ze ginn, wann een no senger Haaptsprooch gefrot gëtt. Et kéint een dach awer och méi wéi eng Haaptsprooch hunn, a wat dann iwwerhaapt d’Definitioun vun „Haaptsprooch“wier, waren hei ëmmer erëm pertinent Bemierkungen.
D’Expo ass bis elo bei dem méi jonke Public gutt ukomm. Natierlech interesséiert d’Ausstellung net jiddwereen d’selwecht vill, mee de Feedback war duerchaus positiv. Eng Schülerin am Forum Geesseknäppchen huet d’Visitt vun der Expo besonnesch gutt fonnt: „Also langweileg war et awer wierklech net!“. Méi e grousst Luef kann ee jo awer kaum erwaarden.
* Den Alex Gillander ass Mataarbechter beim Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch a këmmert sech ë. a. ëm d’Koordinatioun vun der Expo „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“. D’Expo „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ass vum 15. bis de 24. Mäerz an der Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech.