Am Zeeche vun der Philatelie
97. Generalversammlung vun der Philatelia Déifferdeng
Déifferdeng. Viru Kuerzem huet d‘Philatelia Déifferdeng hir 97. Generalversammlung zu Déifferdeng an der Hall O ofgehalen. De President Michel Kirsch huet de Jos Wolff, President vun der FSPL an Éierepresident vun der FIP, d‘Andrée Trommer-Schiltz an de Jeannot Piron vum Bureau Permanent souwéi d‘Memberen an all Éieregäscht begréisst. De Michel Kirsch huet erkläert, datt d‘Memberen d‘Häerz vun engem Veräi sinn, an huet den aktive Membere Merci gesot, déi souwuel am In- an am Ausland u verschiddenen Ausstellungen deelgeholl hunn. E Merci goung och un d‘Gemeng fir déi materiell a finanziell Ënnerstëtzung an un d‘Press fir all déi philatelistesch Artikelen, déi hëllefen, datt d‘Philatelie net vergiess gëtt. No der Begréissung gouf eng Gedenkminutt fir déi verstuerwene Memberen a Philateliste gehalen.
Duerno huet d’Sylvie Giannotte den Aktivitéitsbericht vun der demissionéierter Sekretärin iwwerholl. Am vergaangene Joer goufen aacht Mountversammlungen a sechs Komiteessëtzungen ofgehalen. D‘Memberen hunn erfollegräich u Nationalausstellungen, der Exphimo zu Munneref an der Journée du Timbre zu Iechternach wéi och am Ausland zu Tréier (Naposta), Gmunden (Éisträich) an der Multilaterale zu Koper (Slowenien) deelgeholl.
De Michel Kirsch huet de Finanzbericht presentéiert. Och wann en Defizit fir d‘läscht Joer gemellt gouf, ass d‘finanziell Situatioun vum Club gutt. D’Pia Jost huet iwwert déi exemplaresch Keessegestioun geschwat an d’Memberen opgefuerdert souwuel de Keessier wéi och de ganze Kommitee ze entlaaschten, wat si mat Applaus gemaach hunn. Well d’FSPL méiglecherweis d’Cotisatioun fir 2025 fir ëm 5 Euro erhéicht, huet de President Michel Kirsch der Generalversammlung eng Erhéijung vun der Cotisatioun fir 2025 vun nëmmen 2 Euro proposéiert, wat eestëmmeg ugeholl gouf.
Follgend Membere goufen dunn geéiert: Joëlle Giannotte, Jeannot Piron, Loris an Théo Spano (20 Joer); Jessica a Marie-France Clemens, Paul Faten a Raymond Saunier (30 Joer); Umberto Bruschi (40 Joer). D‘FSPL-Éierenol am Bronze goungen un d‘Sylvie Giannotte, de Bernard Kraemer an de Pierre Steffen.
No der Ried vum FSPL-President Jos Wolff an der fräier Debatt huet de Michel Kirsch de Memberen nach eng Kéier Merci gesot fir d’Kommen an d’Generalversammlung vun dësem Joer zougemaach.