Demo „Save the Gare“
Esou eng Demo ass jo ganz schéin, mee muss een der neier Regierung Schëlter virun d’Nues halen, well eng schnell Décisioun getraff ginn ass? Et hätt een der virechter Regierung dat solle maachen, déi fënnef Joer um Rudder näischt gemaach huet. Fänke mer beim Polizeiminister un, dee jo keng Kriminalitéit an der Stad gesinn huet. Den Dammen ee gudde Rotschlo: Si solle sech net mat Bijoue behänke wéi e Chrëschtbeemchen, da giwwen se net hir Kette vum Hals oder Braceleten/Auere vum Aarm gezu kréien. Dee selwechte Minister huet am Fernseh gesot, dass hien iwwer d’Gare getrëppelt ass. Lo stellt sech d’Fro, wou ass hie gaangen? Wann ee laanscht d’Arbedsgebai trëppelt, ass een och op der Gare. Wat elo d’Auerzäit ugeet, sécher um halwer siwen, wann d’Gemengenaarbechter d’Poubellen eidel maachen oder Kaz a Maus sech gudde Moie wënschen. An da weider bei der fréierer Justizministesch, déi en neit Gesetz op den Instanzewee bruecht huet. Mat der halwer Legaliséierung hat se de Konsumenten an den Dealer eng grouss Freed gemaach. Mee dat neit Gesetz schléit dem Faass de Buedem aus.
1) Du däerfs véier Planzen halen, déi awer net weisen, kanns de Cannabis uplanzen a kucken, wéi e wiisst.
2) Et däerfen awer keng Kanner am Zëmmer sinn, wann s de eng Zigarette fëmms. Wat maache mir da mat de Kanner?
3) Am Summer gi se eraus spillen, am Wanter wa soll Schnéi lei
en, gi se schëppe geschéckt, a wa se nach Loscht hunn, e Männche bauen. A wann näischt esou ass, gi se dann de Späicher/Keller oder hir Kummer raumen. Dat Gesetz huet all Partei ënnerschriwwen, blouss eng net, déi kritt elo Schëlter virun de Kapp gehalen.
4) Wat elo d’„Heescherten“ugeet, huet den neie Minister vläicht ze schnell gehandelt, wat der aler Innenministesch a verschiddene Parteien net gefall huet. Leit, déi net an der Stad wunnen, kruten nach ni e Becher virun d’Nues gehalen. De Minister huet elo esou schnell gehandelt, well d’Leit sech bei der Gemeng/Buergermeeschtesch beschwéiert hunn, well déi aner jo näischt gemaach hunn an deene fënnef Joer.
A Frankräich kréien Heescherten op der Préfecture eng Kaart, wou si op verschidde Plaze hire Becher stelle kënnen. Bei enger Kontroll vun der Police, weisen se hir Kaart a ginn a Rou gelooss. Wee sech net ausweise kann, dee gëtt protokolléiert. Vläicht ka sech de Minister déi Saach nach ukucke goen oder sech informéieren, wéi ons direkt Nopeschlänner dat maachen. Si hunn och déi Problemer.