E puer nodréiglech Iwwerleeungen zum Weltfraendag
Näischt dergéint ze soen, datt eemol d‘Joer un d‘Frae geduecht gëtt. Si leeschten op ville Gebidder e wichtege Beitrag zum Wuel vun eiser Gesellschaft.
Muncher Frae gesinn deen Dag och als Geleeënheet fir d‘Fraerechter ze demonstréieren. Wat verschidde Länner ugeet, ginn déi Rechter effektiv mat Féiss getrëppelt, a si gi massiv ënnerdréckt. Och an eisem Land si Gebräicher wéi d‘Genitalverstümmelung oder Gewalt géint Fraen net ze toleréieren.
Trotzdeem si verschidden ugeprangert, sougenannte Mëssstänn an Ongerechtegkeeten a mengen Aen absolut net existent, mee berouen op enger eesäiteger Siichtweis a loossen sech dofir liicht widderleeën.
Däerf net jiddereen, Mann wéi Fra, dee Beruff ergräifen, deen e wëllt?
Verdéngt zum Beispill e Schoulmeeschter méi wéi seng Kolleegin, a kritt hie méi eng héich Pensioun?
Gëtt enger Fra, mat där selwechter Qualifikatioun wéi e Mann, déi eng Féierungspositioun ustrieft, dës verwiert?
Kritt eng an éischter Rangfolleg gewielte Politikerin kee Ministeschposten, just well se eng Fra ass?
Op all dës Froe muss ee mat engem kloren Neen äntwerten.
D’Quote sinn also net ze rechtfäerdegen, an d‘Erklärung fir déi genannten Ënnerscheeder läit soss anzwousch.
Ass et net esou, datt Frae vun Natur aus aner Prioritéiten hunn, an datt vill vun hinnen, wa se Mamm ginn, an den éischte Jore wëlle ganz oder wéinegstens deelweis fir hir Kanner do sinn, statt se a friem Hänn ze ginn?
Dofir gi si hinnen d‘Prioritéit virun hirer Karriär, an der Wirtschaft, verdéngen da logescherweis manner, a kréien och manner Pensioun.
Leider muss ee sech bei der haiteger iergeleetener Politik scho bal dofir entschëllegen! Marie-Andrée Faber, Lëtzebuerg