Wanterconcert
Fanfares des Faubourgs mat Schülerauditioun um Kiem
Lëtzebuerg. Kierzlech war um Kiem an der Sportshal den traditionelle Wanterconcert mat Schülerauditioun vun der Fanfares des Faubourgs. De President vun der Neiduerf-Weimeschhaffer Musek, Marc Angel, huet d’Leit häerzlech begréisst an d’Wichtegkeet vun de Schüler fir Zukunft vun der FOFA erkläert. Dëse Concert, zesumme mat der Musek an hire Schüler, soll dat ënnersträichen. Hien huet dunn ee grousse Merci un den Interimsdirigent, Jean-Marie Thein, geriicht, deen d‘Direktioun vun der Musek iwwerholl huet, nodeems de fréieren Dirigent kuerzfristeg demissionéiert hat.
Als Optakt vun der FOFA gouff de flotte Marsch, „Simba“vum Sabrina Percacciolo opgefouert. No „Strangers in the night“vum Bert Kaempfert, „Let it be“vun de Beatles, „Cartolino da Cuba“vum Giancarlo Gazzani gouf den éischten Deel mat „L‘Italiano“vum Toto Cutugno ofgeschloss. D‘Presentatioun vum Programm louch an den Hänn vum Claude Hornick. „L‘Italiano“war och den Iwwergang bei de Cosimo Colaci, Responsabel vun de Quartiers-Musekschoulen vum Stater Conservatoire. Hien huet d‘Wichtegkeet vun de Quartiers-Musekschoule fir déi lokal Museken ënnerstrach an duerch de Programm vun deene verschiddenen Auditiounen, Solfège an Instrumenter geleet. Héichpunkt war d’Musizéiere vu verschiddene Schüler an der Musek selwer. De Publikum war begeeschtert an huet dat mat euphoreschem Applaus honoréiert. De President vun der Clausener Musek, André Heinen, huet alle bedeelegten e grousse Merci ausgesprach an op e Patt invitéiert. D‘Publikum huet ugefaange rhythmesch ze Klappen a wollt d’Musek mat de Schüler nach eng Kéier héieren. Mat Rock a Rhythmus goung dëse flotte Wanterconcert op en Enn.
Claude Hornick via mywort