D‘Preparatioune fir d‘40-Joer-Feier lafen
Generalversammlung vun der Lidderuucht
Lëtzebuerg. D‘Lidderuucht Lëtzebuerg hat e gutt gefëllte Joer ouni Restriktiounen ewéi an de vergaangene Joren. Zwee Evenementer sinn hei ervirzehiewen. D‘Europeade vum Europäesche Folklore zu Gotha, wou d‘Lidderuucht mat flottem Gesang Lëtzebuerg mat groussem Erfolleg vertrueden huet. Dat Zweet war den Dag vum immaterielle Kulturierwen am Neimënster, wou d‘Vallée des Sept Châteaux an d‘Lidderuucht en ofwiesslungsräiche Programm mat Danz a Gesank konnte presentéieren. D‘Leit hu matgesongen an och zum Deel matgedanzt a selwer gemierkt, wéi wichteg d‘Erhale vum allgemenge Kulturliewen ass. Dëst war e wichtegen Deel vum Réckbléck aus dem vergaangene Joer aus der Generalversammlung vun der Lidderuucht.
Am Ufank vun dëser Versammlung huet de President,
Carlo Stemper, d‘Memberen, d‘Éierememberen, d‘Éierepresidente vun der Lidderuucht souwéi d‘Vertrieder vun der Hollerecher Musek an der Vallée des Sept Châteaux Miersch, begréisst a verschidde Mercien ausgeschwat. Am Rapport vun der Sekretärin, Geneviève Hornick, war ze héieren, dass 33 Prouwen an 20 Optrëtter, dorënner déi zwee uewen ernimmte, konnte realiséiert ginn, also e gutt gefëllte Programm. Fir d‘Zukunft sti schonn e puer Optrëtter um Programm, besonnesch d‘40-Joer-Feierlechkeete vun der Lidderuucht.
D‘Finanze sinn nach gesond, an de Keessebericht vum Francine Decker gouf vun de Keesserevisoren approuvéiert. All d‘Rapporte goufe vun der Versammlung ugeholl. D‘Keesserevisoren, Alice Steichen, Mariette Merges an Nicole Risch, sinn nach e weidert Joer dobäi. Am Comité erneiert de President Carlo Stemper, aus private Grënn, net méi säi Mandat.
Medaile waren dëst Joer keng virgesinn, mee awer extra Mercien un de Chef, Claude Hornick, an d‘Brëttelspianisten, Marguy Harsch a Mike Marnach, goufen ausgeschwat. Et war dunn um Chef, dee kuerz op d‘läscht d‘Joer zréckgekuckt huet an allen Aktive Merci sot fir hiren Asaz. Fir dëst Joer si verschidden Optrëtter am Kader vun de 40-Joer-Feierlechkeeten um Programm, wou sech gutt muss virbereet ginn, a wou jidderee gebraucht gëtt. Fir Detailer huet de President vum Organisatiounscomité, Marcel Blum, ervirgehuewen, dass d‘Redigéiere vum Jubiläumsbuch geschwënn ofgeschloss ass, esou dass et prett misst si fir d‘Feierlechkeeten. E puer Datumer vun de Feierlechkeete sinn: eng Mass an der Kierch um Cents den 11. Abrëll, e Galaconcert mat der Hollerecher Musek zu Hollerech den 20. Abrëll an e Frëndschaftsdag zu Hollerech den 13. Oktober.
Well dat alles mat aussergewéinlech Käschte verbonnen ass, kann een d‘Lidderuucht mat engem Don ënnerstëtzen: CCPLLULL LU96 1111 1324 9186 0000 oder iwwert UGDA an CCPLLULL LU10 1111 0043 0032 0000 mam Vermierk „Lidderuucht 40“. Bei all Don vun 30 Euro un, kritt een och e Jubiläumsbuch. Claude Hornick via mywort
www.lidderuucht.lu