Luxemburger Wort

Generalver­sammlung

Scheckiwwe­rreechung vun der Croix-Rouge-Sektioun Bartreng

-

Bartreng. D‘Sektioun Bartreng vun der Croix-Rouge hat viru Kuerzem hier alljärlech Generalver­sammlung. D’Presidenti­n Janine Reuland-Schneider huet d’Buergermee­schtesch Monique Smit-Thijs, esou ewéi d’Vertrieder vun der Gemeng, d’Catherine Gapenne, d’Yanica Reichel an den Henri Oberhausen-Krippler vun der Croix-Rouge all d’Quêteusen a Sympathisa­nte vun der Sektioun begréisst. No enger Gedenkminu­tt fir déi verstuerwe Membere vun der Sektioun, huet d’Presidenti­n e Réckbléck op e gutt gefëllten d’Joer gemaach a si ass op de Programm vun dësem Joer agaangen. De Programm vum vergaangen­e Joer huet d’Manette Wapach-Lommel am Detail virgedroen. Dorënner waren ënner anerem d‘Präsenz bei der Grousser Botz, dem Multi-Kulti, der Ovatioun fir déi nei Buergermee­schtesch, den Nationalfe­ierdag an d’Journée de la Commératio­n nationale souwéi dem Wantermaar­t vun der Gemeng. Och e Floumaart ass den Abrëll dobausse bei den Hunnen an am November am Centre Atert organiséie­rt ginn. Duerno huet d‘Simone Kremer-Schonckert de Keesseberi­cht presentéie­rt. Well d’Keess ganz gesond ass, konnt ee Scheck vu 7 500 Euro un d’Yanica Reichel vum Service IRIS vun der

Croix-Rouge iwwerreech­t ginn. Si huet duerno de Service IRIS virgestall­t. Heibäi handelt et sech ëm Benevoller, déi sech ëm einsam Persoune këmmeren. Eng Quêteuse, d’Janette Lucas-Etienne ass fir zéng Joer geéiert ginn. D’Manette Wampach-Lommel huet mat engem Bouquet Merci gesot kritt fir hir Aarbecht wärend 30 Joer. D’Monique Smit-Thijs huet der Sektioun nach mat ville léiwe Wieder felicitéie­rt fir hiert Engagement an duerno ass bei engem klenge Maufel an engem Patt dësen Owend op en Enn gaangen. Simone Kremer-Schonckert

via mywort

 ?? ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg