D'Pro- a Kontra-Argumenter vun der Atomenergie
Mir sollen eis op d’Fuerschung an d'Entwécklung vun erneierbaren Energieforme konzentréieren, fënnt den Auteur a senger Schlussfolgerung
An deene leschte Wochen ass d’Diskussioun, bei eis zu Lëtzebuerg, ronderëm d’Atomenergie rëm relancéiert ginn. Dëst opgrond vun enger Stellungnam vun eisem Premier Luc Frieden. Et hätt awer net onbedéngt dës Aussoe benéidegt fir sech mat der Thematik ‘Atomkraaftwierker’ rëm méi ze beschäftegen.
An Europa, respektiv weltwäit, kann een eng Relance vun der Atomenergie feststellen. Nodeems et joerzéngtelaang hei méi roueg gi war, huet d’Klimakris et fäerdeg bruecht, datt d’Pläng fir nei Atomkraaftwierker ze baue méi konkret rëm ginn. Ouni elo hei just fundamental Kritik un dëser Entwécklung ze maachen, muss een sech bewosst si, wou d’Geforen hei leien, respektiv wou an den Ae vun de Befürworter vun der Atomenergie d’Virdeeler sinn.
Bei de Pro-Argumenter steet haaptsächlech déi permanent Disponibilitéit vun der Energie am Vierdergrond, an déi enorm Energiequantitéiten, déi produzéiert kënne ginn, respektiv den Aspekt vun der KlimaNeutralitéit. Da gëtt op déi nei Technologië verwisen, déi méi sécher solle sinn a vill manner héich radioaktiven Offall géife produzéieren.
Bei de Kontra-Argumenter kann een haaptsächlech déi potentiell Geforen ernimmen, datt duerch Accidenter an Attentater grouss Regioune verstraalt kënne ginn, an enorm vill Doudesaffer mat sech bréngen. Déi héichradioaktiv Offäll stelle fir Joerdausende potentiell héich Geforen duer, respektiv ginn et hei nach keng laangfristeg Léisunge fir d‘Entsuergung. Hei kéint d’Wëssenschaft villäicht an Zukunft Léisunge bidden, awer dëst ass onsécher a wäit an der Zukunft. Bei der Klima-Neutralitéit vun der Atomenergie muss een dëst och relativéieren. Atomkraaftwierker sinn „thermesch Kraaftwierker“an droen och substantiell dozou bäi, d’Äerderwiermung ze pushen, och wann hei kee CO2 ausgestouss gëtt. Denke mir hei just un d‘Waasser vun de Flëss dat permanent erhëtzt gëtt.
Déi enorm finanziell Mëttel, déi hei gebraucht gi, sinn zwar een Argument géint den Ausbau vun den Atomkraaftwierker, well besser an den Ausbau vun den erneierbaren Energieforme gestach. Awer hei muss een och relativéieren, datt mir egal wéi vill Suen an de Grapp mussen huelen an d’Fuerschung fir d’Entsuergung vun de besteeënden an zukünftege radioaktiven Offäll ze erméiglechen, an och an d‘Sécherheet vun den Atomkraaftwierker. D’Argument ass richteg, datt den Uran als Haaptbestanddeel vum Kärbrennstoff an d’EU importéiert muss ginn, an och eng „endlech“Ressource ass. Dëst muss een awer och relativéieren, well och bei den erneierbaren Energieformen si mir haaptsächlech op Importer aus Net-EU-Länner ugewisen. Wat hei méi geféierlech ass datt, mat Hëllef vun Atomkraaftwierker och atomar Waffe kënne produzéiert ginn. Mäi perséinleche Fazit hei ass da ganz kloer. Atomkraaft ass keng Zukunftstechnologie an ze geféierlech. Mir sollen eis op d’Fuerschung, Entwécklung an Ausbau vun den erneierbaren Energieforme konzentréieren, kombinéiert mat efficace Methode fir Energiespeicherung.
Jean Boden, Gonnereng