Eng Rennpist zu Recken/Miersch
D‘Lieserin freet sech, firwat näischt fir d‘Verkéiersberouegung an der Rue de Septfontaines zu Recken gemaach gëtt
Ech wunnen zënter 60 Joer zu Recken/Miersch, dovunner der 17 an der Rue de Septfontaines. Recken, ee beschaulecht Duerf wou et mat de Joren ëmmer manner beschaulech ginn ass. Eis Strooss féiert an d‘Vallée des Sept Châteaux. Net zu Onrecht huet eisen Ex-Ausseminister an Hobby-Cyclist Jean Asselborn si als „eng vun deene schéinste Vëlosstroossen vun Europa“betitelt, hie misst et jo wëssen. Mee dës Strooss ass an de leschte Joren zu enger Rennpist mutéiert. Hei, wou all Dag zeg Cycliste passéieren, loossen elo HobbyRennfuerer de Batti eraus. All fräien Dag, soubal schéint Wieder ass, passéiere vill Sportsmaschinne mat héijer Vitesse, vill Kaméidi a Gestank. 50 km/h sinn erlaabt. Deslescht war et nees souwäit. Lamborghinien a Ferrarien hunn hir schrill Motoren ab Mëtt vun der Strooss opgedréit a si voll Karacho aus dem Duerf Richtung Mariendall geblosen. Hei ginn och Coursse géint de Chrono gemaacht – 125 km/h huet de „Smiley“am Agank vum Duerf ugewisen.
Et geet awer och anescht. Kolonne vun Old- a Youngtimeren, Vespaen, Harleyen ... passéiere mat normaler Vitess a genéissen d‘Landschaft, dat stéiert keen. An eiser schnouerriichter Strooss huet de Verkéier déi läscht Jore wesentlech zougeholl, besonnesch zënter datt d’Autobunn Richtung Kierchbierg op ass.
D’Awunner aus dëser Strooss beschwéiere sech zënter Jore bei deene verschiddenen Instanzen. D‘Mierscher Gemeng zéit sech aus der Affär, well et eng Staatsstrooss ass. Ponts & Chaussées huet viru laange Joren e puer Rubbelstrécher op d‘Strooss gemoolt an e Schëld opgestallt, dat déi gefuere Vitess ugëtt. Zënter Oktober 2023 funktionéiert et net méi! Eng Stroosseverengung, déi keng ass, mécht d‘Fuerbunn, besonnesch fir Cyclisten, nach méi geféierlech. 2020 (Pandemiezäit) gouf wärend zwee Wochen e Radar opgestallt fir d‘Intensitéit vu Verkéier a Vitess ze moossen. An engem schéine faarwege Rapport goufen an deem Zäitraum 14.000 Passagë festgehal mat Vitesse bis zu 105 km/h. Mee d‘Resultater vum Rapport sinn ni diskutéiert oder ausgewäert ginn, weeder vu Gemeng nach vu Ponts & Chausssées. D‘Police vu Miersch mécht keng Kontrollen. Virun dräi Wochen hunn ech der Police eng Mail gemaach mat enger Kopie vun deem Rapport. Ausser der Äntwert, datt meng Mail un de Büro vu Miersch weidergeleet géif, ass alt erëm näischt geschitt. E puer Deeg duerno war de Speed Marathon, sécher wär et eng gutt Geleeënheet gewiescht fir Kontrollen. An Zäite vu Personalmangel bei der Police bräicht ee just e mobile Radar opzestellen, et géif sech lounen. Wann een um Trottoir laanscht d‘Haus schafft, muss een e giele Gilet undoen an e Warndräieck opstelle fir net vum RGTRBus oder anere schwéiere Gefierer matgeholl ze ginn. Och Kanner um Schoulwee, Leit mat Poussetten oder Rollstull liewe geféierlech um Trottoir.
Firwat ass et méiglech a verschiddenen Uertschaften, z.B. Gëtzen (och Staatsstrooss), e Ralentisseur ze installéieren, d’Strooss ze verengen, esouguer e Schëld “30” opzestellen? Och do fuere Camionen a landschaftlech Gefierer. Do kéinten eis Staats- a Gemengeverantwortlech sech ee Beispill huelen!
Véra Siebenaller, Recken/Miersch