Luxemburger Wort

Déi aner Klack zum Thema Adapto

Eng Behënnerun­g ass kee „Fräifaarts­schäin“fir alles

-

Ech wëll heimat dee super Service, dee mir hei am Land hunn, mol luewen. Et kann net sinn, dass den Adapto (Ministère) dauernd vu Verschidde­ne sou schlecht gemaach gëtt! Jo, et stëmmt, dass mir Behënnert, ech zielen och zu de Krëppelen, et net ëmmer einfach hunn, mee, huet net jidderee säi Päckelchen ze droen? Zemools am Moment ass eng immens schwiereg Zäit fir ganz vill Leit, muss een net einfach mol dankbar sinn? Eng Behënnerun­g ze hunn ass dach keen „Fräifaarts­schäin“fir alles!

Als „alen“User ass Iech dach bestëmmt net entgaangen, datt et eng Reform vum Adapto gouf. An där Reform ass nunmol och déi ganz Datebank, wat schonn eleng aus Dateschutz­grënn noutwendeg war, erneiert ginn. Et huet ee misse bei den Dokter (Hausdokter, mol net e Spezialist!) goen an een neie Formular ausfëlle loossen, deen aschécken, méi net – wou ass do d’Sauerei? Deet mer leed, mee och Leit ouni Handicap brauchen deen een oder anere Formulaire vum Dokter fir deen een oder anere Service – dat ass nunmol esou. Dir musst net de Minister vernennen, huelt Iech mat Ärer Nues, wann Der et bis elo net gemaach hutt et ass och absolut richteg, datt keng Ausname méi gemaach ginn.

Zu Äre Virwërf: Natierlech dierf een nach ëmmer eng Begleetper­soun mathuelen, sou wéi virdrun och, et gi souguer Clienten, déi dierfen net ouni Begleedung fueren! Begleedung muss natierlech ugemellt sinn, well elo puer Clienten ob enger Faart regruppéie­rt kënne ginn, muss jo geséchert sinn, dass fir jidderee Platz an der Camionnett­e ass.

Et war och nach ëmmer esou, dass de Chauffeur do war, fir ee vun A no B ze féieren, net fir méi! Et ass net seng Aufgab, ee mam Rollstull ze drécken, Akeef eranzeschl­eefen, den Hond erauszeloo­ssen, d’Kaz ze fidderen ... Jo, si sinn elo ganz streng, mee huet dat net vläicht säi Grond? Et gouf/gëtt souguer en extra Flyer dozou an dat well eng Rei Joren. Am Adapto ass nunmol keng erfahren Assistenz derbäi, da muss een op d’Soins à domicile, d’Taxiambula­nz, eventuell de Ruffbus zréckgräif­en, déi maachen d’Servicer wéi Dokter, Klinik, Akafen och.

Zu der Reservatio­un vum Adapto: Och do huet näischt geännert, et soll ee minimum dräi Deeg am Viraus mat der genauer Auerzäit reservéier­en – wéi Dir schreift „à la minute“uruffen an de Bus kënnt, gouf et ni.

Mech Krëppel braucht Der jiddefalls net mat an Äert „Dëppen“ze geheien, nee ech schumme mech souguer fir deen Toun a soen dem Ministère Merci, dass et dee Service, nach ëmmer, gëtt an och un den Neierunge wéi der App geschafft gëtt, fir dass dat Ganzt nach méi „userfrëndl­ech“gëtt!

T. Wies, Gemeng Sëll

Dëst ass eng Reaktioun op de Lieserbréi­f „Wien däerf mam Adapto-Bus fueren a wien net“vum 5. September 2020.

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg