Steiererhéijunge fir méi sozial Gerechtegkeet
All Leit, déi hei am Land wunnen a schaffen, sollen equitabel behandelt ginn
Bezüglech der Diskussioun a Saache Steiergerechtegkeet Folgendes: Ech mengen, déi ganz Diskussioun gëtt vill ze vill, wéi leider oft hautdësdaags, am Kampfmodus gefouert (also déi „Räich“géint déi „Aarm“), obwuel et grad un eise Politiker ass, fir derfir ze suergen, datt all d’Entscheedungen, déi getraff ginn, „pour le bien de tout le monde“sinn, an net „ech huelen hei fort a ginn dat do derbäi“.
Derbäi kënnt, dass et duerchaus méiglech ass, fir eng Léisung ze fannen, déi ebe fir all Mënsch akzeptabel ass an dofir suergt, datt d’Inegalitéiten am Land reduzéiert ginn, wat menger Meenung no e ganz wichtegt Thema ass an der haiteger Zäit. Anstatt iwwert eng „Räichesteier“ze schwätzen (an der Form vu Verméigenssteier, Ierfschaftssteier ...), wier et mol un der Zäit ze kucken, wat mir effektiv kéinte maachen, fir dofir ze suergen, datt déi Leit, déi net esou gutt dru sinn, hier Liewensqualitéit kéinte gebessert kréien, ouni awer da bei déi Leit, déi als „Räich“agestuuft ginn, onbedéngt eppes mussen ewechzehuelen.
Et kéint een zum Beispill nodenken iwwert e méi effizienten
Et musse Léisunge fonnt ginn, fir Inegalitéiten ze reduzéieren, seet den Auteur.
Zentralstaat, awer och d’Ofschafe vum Index op de Paien, wann ee méi wéi fënnef Mol de MinimumLoun verdéngt. Et ass ganz wichteg, dass all déi Leit, déi hei am Land wunnen a schaffen, equitabel behandelt ginn an datt de Steierdrock fir jiddereen, also och déi, déi gutt verdéngen oder Entrepreneur sinn, erofgeet. Nëmmen esou bleiwe mir kompetitiv an enger globaler Welt a schütze mir alleguer eis Awunner, net nëmmen déi, deenen et gutt/besser geet wéi déi sozial méi Schwaach.
Steven Curfs,
Monnerech