Ovatioun fir de Jean Spautz
D’Frënn vun der Militärmusek gratuléieren hirem Éirepresident fir seng 90 Joer
Schëffleng. Ouni dass de Jubilar dovunner am Bild war, huet eng Delegatioun vun de Frënn vun der Militärmusek a vun der Militärmusek zu Schëffleng un dem landbekannte Jean Spautz senger Hausdier geschellt, fir him fir säin 90. Gebuertsdag ze gratuléieren.
Wéi d’Hausdier opgaangen ass, hunn d’Adjutant-Majoren Monique Bernotte a Marc Desorbay op der
Trompett en „Happy Birthday“fir den iwwerraschte Jubilar gespillt. Duerno ass et an der Wunneng selwer zu enger spontaner Éierung komm.
Ëmgi vum Vizepresident Roby Raus, dem Sekretär Nello Zigrand an dem Bürosmember Robert Weyland, huet de Josy Lorent, President vun de Frënn vun der Militärmusek, an enger kuerzer Ried dem
Jean Spautz nach vill frou, gesond an zefridde Joeren derbäi gewënscht. Mat engem grousse Merci fir déi geleeschten Opbauaarbecht gouf ernimmt, dass de Jean Spautz als éischte President beim Opbau vun dem 1997 gegrënnten Ënnerstëtzungsveräin wierklech Pionéieraarbecht geleescht huet an zéng Joer laang un der Spëtzt dovunner stoung.
Als Zeeche vun der Unerkennung krut d’Gebuertsdagskand eng Corbeille mat e puer gudde Fläsche Muselwäin a ville Schneekereien iwwerreecht. Als Dirigent vun der Militärmusek huet och de Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun, dee vum Sous-chef Christian Kirpes begleet war, dem Jean Spautz fir de Gebuertsdag gratuléiert a Wierder vun Unerkennung fir seng Ënnerstëtzung vun der Militärmusek fonnt. An engems huet den Dirigent ugekënnegt, dass d’Frënn vun der Militärmusek de 17. November an der Philharmonie den éischte groussen Optrëtt vun der Militärmusek no der Zwangspaus wéinst der Corona-Pandemie organiséieren, an dat mat engem Concert zu Éiere vun dem viru Kuerzem plëtzlech verstuerwene fréiere laangjäregen Dirigent André Reichling.
Martin Bohler via mywort.lu