Luxemburger Wort

Place de l’Etoile oder …?

Net wäit ewech vun der Stäreplaz gouf deen „hellste Stäer“vun der Resistenz gebuer

-

Wat do, op deene puer Hektar an de leschte 25 Joer gedréint huet, dat geet op keng Mamuthhaut! Den Detail ass esou onappetitl­ech wéi vill Immobilien­tricken; schéngt dann elo „op de Potti“ze kommen. Et soll hei awer net ëm déi Aremséileg­keet goen, mä ëm den Numm. „Place de l’Etoile“stäipt sech op den Numm vum fréiere Citroëns-Garage; dat ass an der Rei a soll och esou bleiwen… och wann e Verglach mat deer beim „Arc de Triomphe“zu Paräis ze blatzeg wier.

Wéivill wëssen der awer, datt 200 Meter lénkersäit vun der Strooss fir erop op Stroossen deen „hellste Stäer“vun der Lëtzebuerg­er Resistenz gebuer gouf an opgewuess ass: de Raymond Petit? Hien huet als jonke Kärel 1940 zu Iechternac­h an der „Boulette“mat e puer Frënn d’LPL gegrënnt; de Widderstan­d géint de „Referendum“

vum 10. Oktober 1941 uechter d’ganzt Land mat organiséie­rt, deen och erriicht op de Streik vun 1942 gewisen huet; hie war méintelaan­g vun der Gestapo gesicht a gehetzt; huet all Dag éierens anescht geschlof … bis d‘Gestapo de Raymond zu Consdorf an enger Scheier agekesselt hat. Nodeem hie sech mam Revolver an der Hand géint d’Nazie gewiert huet, gouf et keng Méiglechke­et méi, fir fortzekomm­en … hien huet sech mat senger leschter Kugel selwer erschoss, fir keen an näischt ënnert der Folter ze verroden.

D’Fransousen hunn dem Guy Moquet – dee mat 17 Joer Resistenz-Flyeren ausgedeelt hat an erwëscht gi war – zesumme mat en etlech aneren erschoss. A sengem leschte Bréif u seng Elteren huet hien hinne virun senger Exekutioun dramatesch Äddi gesot. Dee Bréif gouf als Beispill fir Patriotism­us

op Schoulprog­ramme gesat. D’Stad Paräis huet eng kilometerl­aang Avenue „Guy Moquet“gedeeft! Wéi ass et dann an deem Sënn mat eisem Raymond Petit, dee jorelaang aktiv Resistenz opweises hat a sech bewosst fir Lëtzebuerg geaffert huet?

D’Kräizung vun der Areler-, der Rollengerg­ronn- a Goebel-Strooss hätt d’Plaz, fir e „Square“a géif d’Geleeënhee­t fir dem Raymond Petit endlech déi Éier ze ginn, déi eise gréisste Resistenzl­er verdéngt huet. Sollt dat net de Fall sinn, da kënnte mir eis vläicht och am Fong eng „Journée de la Commémorat­ion nationale“spueren. Hei sinn eise Staat an d’Stad Lëtzebuerg gefuerdert; eis Chamber misst sech awer ganz bestëmmt am Numm vun eiser „Mémoire collective“drëm bekëmmeren!

Lex Roth, Lëtzebuerg

wird, genau wie schon im Juli, wohl ein Schwerpunk­t sein.

Alle Maßnahmen, um die durch Covid ausgelöste Wirtschaft­skrise zu bekämpfen, schlagen ins Geld. Gefährdet die öffentlich­e Verschuldu­ng das Triple-A?

Dieses Jahr und in den beiden nächsten Jahren wird der Staatshaus­halt wohl ein Defizit verzeichne­n. Wenn aber die Konjunktur wieder so anzieht wie vorausgese­hen, dann müsste der Haushalt wieder ins Gleichgewi­cht kommen. Daher sehen wir als UEL derzeit keine Notwendigk­eit, mittels neuer Steuern dieses Defizit auszugleic­hen.

Wie steht die UEL zu der Forderung, die Reichen härter zu besteuern, die Erbschafts­steuer enger zu fassen und die alte Vermögenss­teuer wieder einzuführe­n?

Wir haben derzeit ein Loch im Budget, werden es aber über

Die aktuelle Wirtschaft­skrise ist kein Alibi.

 ?? Foto: Pierre Matgé / LW-Archiv ?? D’Kräizung vun der Areler-, der Rollengerg­ronn- a Goebel-Strooss (Foto vum 16. September 2017) hätt d’Plaz fir e „Square“a géif d’Geleeënhee­t, fir dem Raymond Petit endlech déi Éier ze ginn, déi eise gréisste Resistenzl­er verdéngt huet, mengt de Lex Roth.
Foto: Pierre Matgé / LW-Archiv D’Kräizung vun der Areler-, der Rollengerg­ronn- a Goebel-Strooss (Foto vum 16. September 2017) hätt d’Plaz fir e „Square“a géif d’Geleeënhee­t, fir dem Raymond Petit endlech déi Éier ze ginn, déi eise gréisste Resistenzl­er verdéngt huet, mengt de Lex Roth.

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg