Eng Blamage fir Lëtzebuerg
Oppene Bréif un all Politiker a soss Responsabel vum Tour de Luxembourg
Dir Dammen an Häre Politiker a soss Responsabel op alle méigleche Plazen, zanter e puer Joer kréie mir all gezielt, wéi wichteg den Nation Branding wier. Wat soll een da soen, wa mir als klengt Lëtzebuerg emol eng vergläichbar Méiglechkeet hunn, wéi zum Beispill Frankräich mat dem Tour de France, eist Ländchen dobaussen an der Welt ze presentéieren? Den Tour de Luxembourg gëtt an iwwer 80 Natiounen iwwerdroen.
Wat denkt d'Welt vun eis? Lëtzebuerg ass dat Land, an deem e Mënscheliewen op zwee Rieder absolut näischt wäert ass. Well et ass net méiglech, eng Strooss zum Beispill zéng Minutten ze spären, fir datt eng Vëlos-Course ka sécher do driwwer fueren.
Firwat kann d'Police – a wie soss nach implizéiert ass – net de Kommando kréien, fir eben zéng Minutte virun dem Passage vu sou enger Course op d'mannst kee Gefier
Streik vun de Coureuren am Ausgang vu Réimech no 30 km op der 2. Etapp.
méi a Géigerichtung vun der Course fueren ze loossen? D'Police op hire Motoen halen zwar Leit virun der Course un, awer wéi seet den Anglophillen: „Who cares?“(Wien intresséiert dat?).
Aus eegener Erfarung als Suiveur (Securitéit) an der Course kann ech behaapten, datt bei ganz villen net emol eng Bremsluucht ugeet, wann de Polizist déi Leit uweist stoen ze bleiwen. Den Tour de Luxembourg ass eng Saach. Mee och hei am Land hu mir Kanner a Jugendlecher, déi gär hire Sport bedreiwen. Awer net emol dofir ass Respekt do. Och do bleift kee mat dem Auto stoen. Dir Dammen an Häre Responsabel, de Vëlo-Sport brauch keng (iwwerdriwwen) deier Infrastrukturen. Just heiansdo emol eng Strooss, déi verkéiersberouegt gëtt. Vu guer kengem Verkéier wot mol kee Vëlo-Sportler hei ze dreemen. Dir musst just de Courage hunn an eng Uerder ginn, datt mir eise Sport kënnen a Sécherheet ausüben. Dat kascht och ganz vill manner, wéi all Aarte vu Sportsterrainen, déi mir hei am Land fir all Geleeënheet bauen!
Souvill misst dach och dee Sport wäert sinn, deen hei am Land ëmmer nach déi gréisste (Sport-)Ambassadeuren ervirbruecht huet an nach ervirbréngt.
Jean Gangolf, Steinheim