Wéi zweetklasseg Äppel a Biren
D’Stroossennimm an der Stad Lëtzebuerg an den Ëmgang mat verdingschtvolle Lëtzebuerger
An engem rezente Lieserbréif, weist de Lex Roth zu Recht drop hin, datt de Raymond Petit, mat dee bedeitendste Resistenzler géingt den Naziregime, nach ëmmer keng Strooss an eiser Haaptstad huet. Wann ech da kucken, wat fir engen drëtt- a fënneftrangeg Personnagen hir Nimm heiansdo op Stroosseschëlder stinn, da kënnt ech laachen oder kräischen.
Wann zum Beispill e bekannte „coureur de jupons“, deem säin eenzege Merite et war, no sengem Doud der Stad säi Verméigen ze vermaachen, well e soss keen Ierwen hat, e Boulevard huet. Wann engem Pseudopatriot, deen ech wuel kannt hunn, säin Numm e Stade, eng Autobuslinn a wat net nach fir Plazen droen, da ginn ech rosen, well en anere Mann – echte Patriot, Schrëftsteller, Journalist, Kulturminister, Matgrënner vun der „Warte“, den „Nos Cahiers“, Grënner vum éischte Cinéclub an der Stad, Initiateur vun der Cinémathèque – krut dës Éier bis ewell net. Hien huet och als Minister d’„Section Arts et Lettres“vum Institut grand-ducal gegrënnt, an direkt derfir gesuergt, datt e Bulletin vun deeër Sectioun erauskoum, deen awer leider verschwonn ass, wéi hien net méi Minister war. Eréischt laang Joren derno gouf déi Iddi nees vum President Pierre Schumacher opgegraff. Datt esou e wichtege Mann fir eist kulturellt Liewe bis haut net emol déi klengste Sakgaass an der Stad zouerkannt kritt huet, ass skandaléis. Ma wa mer vu Patriote schwätzen, déi sech mat hirem Liewe géingt d’Nazien agesat hunn, da steet de Pierre Grégoire, vun deem hei Rieds ass, och an der éischter Rei. Hie war nämlech bei deenen Éischten, déi d’Preisen 1940 verhaft hunn. En ass méi wéi véier Joer laang vu Prisong zu K. Z. a bis an d’Vernichtungslager Mauthausen geschleeft ginn. En hat d’Gléck – oder hei d’Ongléck – iwwerlieft ze hunn, well seng zwéi Kolleegen Origer an Esch, déi mat him zesumme verhaft goufen, an ni méi heem koumen, hunn ewell laang hir Strooss. Seng masseg kulturell Leeschtungen, déi well virum Krich ugefaang haten, huet e weidergeféiert bis zu sengem Doud. Ma kee Stater Politiker huet jee dru geduecht, senger och nëmmen duerch e Sall an Neimënster ze gedenken. Ass et vläicht wéinst sengem zevill riichte Charakter? War en an der falscher Partei, oder hat en a senger Partei engem zolidd op d’Féiss getrëppelt?
Vläicht weess ee vun eise Lieser eng Äntwert. Ech awer schléisse mech dem Lex un, fir ze soen, datt et méi wéi héich Zäit géif, fir dësem oder deem wierklech wäertvolle Lëtzebuerger offiziell ze gedenken, an net Stroossennimm wéi zweetklasseg Äppel a Biren um politesche Maart ze verschleideren. Raymond Schaack,
Lëtzebuerg
Dëst ass eng Reaktioun op de Lieserbréif „Place de l’Etoile oder …?“vum 19. September.