Sange mécht Freed
De Kanner- a Jugendchouer däerf endlech erëm zesumme prouwen
Konsdref. Mam neie Schouljoer war och déi éischt Prouf vum Kannera Jugendchouer am Centre Kuerzwénkel, dëst natierlech am Respekt vun den aktuelle Sécherheetsmesuren.
D'Gemeng hat sech bereet erkläert, dem Chouer dëse grousse Sall zur Verfügung ze stellen. D'Begeeschterung bei de Sängerinnen a Sänger war op jiddefall grouss a si hu sech gefreet, fir sech all erëmzegesinn an zesumme mat hirem Dirigent ze sangen. Wärend der Coronakris war de Chouer och ganz aktiv.
All Woch haten si wéi gewinnt Prouf, dëst awer als Online-Prouf mat hirem Dirigent Marc Loewen, nom Motto „Bleif doheem a sang mat“. Si wollten och hiert Publikum weider vun doheem aus mat Online-Videoen am Confinement verwinnen. Esou huet de Chouer an der Ouschtervakanz mam Lidd „L'oiseau et l'enfant“säin éischte Video publizéiert. Fir Nationalfeierdag wollten si och, trotz Covid19, hire Beitrag leeschten. An de Faarwe rout, wäiss, blo ass en zweete flotte Video mat der Nationalhymne „Heemecht“entstanen. Zum Ofschloss vun dësem spezielle Schouljoer hunn d'Sängerinnen a Sänger nach eng flott Iwwerraschung mat hirem Video „Feuerwerk“gebueden. En décke Merci goung un all déi, wou matgesongen hunn, besonnesch awer un den Dirigent, deen sech bei all dëse Videoe ganz vill Aarbecht gemaach huet.
All d'Versioune vun de Videoe sinn op der Facebooksäit vum Kannera Jugendchouer Konsdref an op Youtube („Kanner- a Jugendchouer Consdorf“) ze fannen.
Paul Puraye via mywort.lu