W.e.g. net esou, Madamm Lenert!
Am Kampf géint d'Covid-19-Pandemie, dee wierklech eng schwiereg Aufgab ass, maacht Dir als Gesondheetsministesch zënter Mäerz eng gutt Aarbecht. Äert Engagement fënnt och allgemeng Unerkennung, wat sech net zulescht an de Sondage weist, wou Dir kloer un der Spëtzt leit.
Wann dëser Deeg awer um Radio drop higewise gëtt, dass um Internet-Site vun der LSAP an engem Interview mat Iech Detailer iwwert d'Corona-Kris an d'Strategie fir hir Bekämpfung ze fanne sinn, dann ass esou eng Manéier vu Kommunikatioun mat der Ëffentlechkeet a mengen Aen net ubruecht.
Dës Bemierkung gëllt och fir e Livestream, deen d'LSAP den 19. November mat publizisteschem Opwand organiséiert hat a wou d'Gesondheetsministesch iwwert Internet a Facebook vun der Partei Ried an Äntwert stoung. Am Géigesaz dozou sti Kloe vun esou munche Leit, déi bei Telefonsappeller op den offizielle CoronaPlazen entweder guer net oder awer nëmmen no e puer Essaien respektiv no laangem Waarden duerchkommen, fir e Renseignement ze kréien.
D'Covid-19-Pandemie ass ze vill eng eescht Saach, fir dass d'Bierger op den Internet-Site respektiv de Livestream vun enger Partei zréckgräife sollen, fir méi gewuer ze ginn. Do muss et vill méi permanent eng ausféierlech offiziell Informatioun vum breede Public iwwert all Aspekter vun der Kris ginn.
Dir hutt et wierklech net néideg, Madamm Paulette Lenert, fir dat bei der Erfëllung vun Ärer Missioun als Ministesch gewonnent Vertrauen um Altor vun enger politescher Partei ze afferen, déi op eng simplistesch Manéier fir sech elektoraalt Kapital aus dëser weltwäiter Kris schloe wëllt! Joseph Lorent,
Moutfort