„Schaffen“a „probéieren“virop
Iwwer de Versuch vun enger sënnvoller Kategoriséierung vun de Lëtzebuerger Verben
Seet een op Däitsch er hing oder er hängte? An ass et hat gehangen oder ist gehangen? Wéini benotzt een erschreckt, wéini erschrocken? Kritt am Franséische que j’aie hanne wierklech en e a je hais awer en s? Wien erënnert sech net mat Freed un d’Béchse vu Verben aus frieme Sproochen? Un de Mantra ich, du, er/sie/es, wir, ihr, sie, deen ee wéi eng Litanei geléiert a geleiert huet? An un d’Wullen am Bescherelle, fir da vum Verb horripiler bei aimer geschéckt ze ginn, dat d’selwecht konjugéiert gëtt a wou een dann déi komplett Konjugatiounstabell fënnt? Och appréhender, fignoler, macadamiser an topicaliser verweisen op aimer. E ganzt beléift Verb, wéi et schéngt!
Vill franséisch Verben op -er funktionéieren eeben no deem selwechte Scheema, gradewéi aner Verben op -ir an op -re. O, wat ass dat kamoud, wann een an der Konjugatioun e System erkennt, no deem een déi eenzel Verbkandidate ka klasséieren. Mee esou ganz einfach ze fannen ass déi Logik awer net, dofir gëtt et wuel einfach ze vill Verben, ze vill Zäiten, ze vill Ausnamen. Firwat soss presentéiert dee roude Bescherelle ganzer 88 Verbtabellen, vun être bis cuire, an dee gréngen der esouguer 104, vun être bis clore? Ouni d’Extrawurschte géif d’Salz an der Verbenzopp einfach feelen!
Dat gëllt natierlech och fir d’Lëtzebuerger Verbebritt. Och hei gëtt konjugéiert no Musteren, déi ëmmer erëmkommen, a mat e sëllegen Ausnamen, déi ee bal net ënnerbruecht kritt. An anere Wierder: Den Exercice, eng laang Verbelëscht opzestellen a vun do aus dann op eenzel Konjugatiounstabellen ze verweisen, deen huet et a sech. Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet déi Erausfuerderung awer ugeholl a leet elo geschwënn d’Resultat vu senger verbaler Aarbecht vir. A freet sech op Feedback a Verbesserungen ...
Un zwee Beräicher hu sech d’Sproochenexperten aus dem ZLS d’Zänn besonnesch ausgebass. Éischtens un eenzele Verbformen, déi Froen opgeworf hunn, well se nach net eendeiteg gekläert waren oder well se eng ganz Rëtsch vu Varianten opweises hunn. An zweetens un eenzele Verbgruppen – wéi eng gëtt et, wéi eng sinn néideg, wéi eng Facteure soll ee berücksichtegen? Datt impressionéieren ewéi funktionéieren funktionéiert, impressionéiert wuel keen, well sämtlech Verben op -éieren kënnen iwwer ee Leescht gezu ginn. Mee hätt Dir geduecht, datt opboren an entchloren an eng Kategorie falen, wann een d’Endung an d’Schreifweis als Facteur hëlt?
Awer der Rei no: Allgemeng léisst sech soen, datt déi allermeescht vun de 6 000 Verben, déi gekuckt goufen, an den allermeeschte Fäll onproblematesch sinn. Der Däiwel stécht awer wéi esou dacks am Detail. Hei e puer Beispiller: Ass et beim Verb paken am Present du paaks, du pécks oder du peeks an hie paakt, péckt oder peekt? (Äntwert: Alles ass richteg. Hei ware mer och frou iwwer den Input vun der Schnëssen-Ekipp vun der Uni Lëtzebuerg.) Wéi eng Form ass beim Verb wëllen an der drëtter Persoun am Present méi geleefeg: hien/hatt/si wëllt oder hien/hatt/si wëll? (Äntwert: Wëllt entsprécht éischter engem allgemenge Verbscheema, d’Form wëll éischter dem Modalverbscheema, woubäi een ëmmer méi dacks wëll liest an héiert.) A wéini ass d’Form am Participe passé wëllen a wéini gewollt oder wollt? (Äntwert: Déi zwee leschtgenannte Participepasséë sinn déi vum Vollverb wëllen: Hatt huet dat ni gewollt; dat anert ass den Ersatzinfinitiv vum Modalverb wëllen: Hatt huet wëllen erausgoen).
Natierlech kann een och leidenschaftlech driwwer diskutéieren, ob et de Participe passé gemaacht mat t wierklech gëtt, gläichberechtegt nieft gemaach ouni t. Den Textkorpus vum ZLS hëlleft do tranchéieren, a weist souguer och nach aner Forme wéi gema(t). Net ze vergiessen déi englesch Verben, iwwer deenen hire Gebrauch ee gedeelter Meenung ka sinn. Se sinn awer nun emol do, an d’Pandemie huet hir Presenz nach eemol intensivéiert. Dofir ass d’Fro, wéi ee se da soll schreiwen, wann ee se da wëll(t) benotzen, absolut berechtegt … Un den Anglizisme kann ee verzweiwelen, mee an enker Ofsprooch mam Commissaire a mam Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch gouf d’Virgab aus der Lëtzebuerger Orthografie fir dës Verbe sënnvoll preziséiert: Ënner der Berücksichtegung vun der Originalschreifweis a mat Bléck op d’Benotzen am Lëtzebuergesche goufe fir déi eenzel Fäll Reegelen opgestallt, déi eng optimal Integratioun an de lëtzebuergesche Konjugatiounssystem erlaben. Ausgangs- an Zilsprooch likë sech: du adds oder hues geadd, du downloats oder hues gedownloat oder downgeloat, du times oder hues getimet/getimed, du mutes oder hues gemute.
Am Joer 2020 stelle sech awer och nach aner Froen, et muss ee just eng Grëtz lauschteren, wéi d’Leit schwätzen: Den Imparfait vu soen héiert een nach: ech sot, du sos, hie sot. Mee dee vu froen (ech frot, du fros oder froots, hatt frot), an dee vun zéien (ech zouch, du zouchs, si zouch)? Déi gesouche mer effektiv scho laang net méi … Iwwerhaapt, wéi eng Verben däerfen am Buch net feelen? Muss ustronzen nach dra sinn a wéi ass et mat sech verknalen oder geet do verknallen duer? A wéi ass et mat liben, dat een ëmmer méi héiert, dofir *gehéich et wuel an de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD, www.lod.lu), gläichzäiteg geséichen anerer et dann direkt als offizialiséiert un a déite Kreesch. D’selwecht wuel bei ufäerdegen a stattfannen. Dat lescht huet de Sprong an den LOD antëscht awer gepackt. A wéi ass et mat – Corona oblige – skypen, streamen a zoomen, mat heemliwweren, mutéieren an tracéieren? An natierlech ustiechen, dat déi schéi Fro vun ustiechend opwërft: Ass de Participe présent oder Gerundium muenchmol erlaabt oder geet dat op guer kee Fall? Am Fong hu mer en net am Lëtzebuergeschen, ma mir hunn en nawell: spannend (kloer!), lafend (sécher!), mee bestoend an ënnerstëtzend? Eng weider Fro: Solle WiederVerben an allen denkbare Formen opgeholl ginn oder just déi, déi op den éischte Bléck Sënn maachen? Et fisemt, et reent, et schneit jo, ech fisemen, dir reent, si schneien nee?
Wann op all dës punktuell Froen Äntwerte fonnt goufen, natierlech net ëmmer eendeiteger, da geet et ëm d’Opstelle vu Kategorien – e ganz spannenden Exercice: Wéi eng Kategorië gëtt et iwwerhaapt a wéi eng Verbe funktionéieren no engem an deem selwechte Prinzip? Bei der Analys vun de méi wéi 6 000 Verben am LOD goung et mat engem frustréierende Constat lass: Wann ee sämtlech Ënnerscheeder a Betruecht hëlt (Orthografie, Lautwiessel, Form vum Participe passé, Verbpartikelen ...), dann entsteet en Tabellen-Tohuwabohu, dee kengem Mënsch méi hëlleft. Dofir konnten de Participe passé, den Imperativ an d’Hëllefsverb net als Krittäre mat afléissen. D’Haaptroll bei der Zoudeelung zu engem Muster spillen d’Formen am Present.
82 Mustertabelle sinn der Analys vum ZLS no néideg, fir eng sënnvoll Kategoriséierung vun de Verben ze maachen – et sollten der esou vill ewéi néideg an esou mann ewéi méiglech sinn. Wat och machbar ass, well an der Verbelëscht natierlech déi wichtegst Stammzäiten (Present, Imparfait, einfache Conditionnel a Passé composé, allkéiers an der drëtter Persoun Singulier) opgeféiert (oder opgefouert) ginn.
Wat kann een elo ënnert engem Muster verstoen? Datt d’Hëllefsverben hunn, sinn, ginn a kréien an d’Modalverben däerfen, kënnen, mussen, sollen a wëllen eege Konjugatiounstabelle verdéngen, dat läit op der Hand. Mee wéi mécht een et fir d’Vollverben, also fir déi gréisste Kategorie? E puer Beispiller.
Impressionéieren a funktionéieren
Gemaach(t), geadd, gemute
Du box a schmus, si leet a bréit
Et gëtt am Lëtzebuergeschen eng Rëtsch Verben, bei deenen an der zweeter Persoun Singulier (du) am Present net déi typesch Flexiounsendung s drugehaange gëtt. Dat si Verben, deenen hire Stamm zum Beispill mat engem x ophält: du box, du fax, du mix, du verhex. Well dat eng Particularitéit duerstellt, muss dee Phenomeen duerch eng Tabell illustréiert ginn, och wann déi aner flektéiert Formen all reegelméisseg sinn. Dofir gouf d’Tabell boxen an d’Buch geboxt.
Vergläichbar ass dee Phenomeen mat Verben, déi e Stamm op s hunn, wéi schmusen .Do gëtt an der zweeter Persoun Singulier Present nämlech och keng zousätzlech Flexiounsendung s drugehaangen, well jo schonn en s do ass: du schmus, du fräs, du ros. Datt schmusen a boxen awer schlecht zesummeginn, huet net nëmmen domat ze dinn, datt déi eng Verben op s an déi aner op x sinn, mee och well bei de Verben, déi op schmusen verweisen, de laange Vokal viru méi ewéi engem Konsonant muss verduebelt ginn: hie schmuust, si frääst, dir roost.
En anert wichtegt Mierkmol beim Konjugéieren ass déi sou genannten Ennverhäerdung, wann also um Wupp vun engem Wuert aus engem stëmmhaften e stëmmlose Konsonant gëtt – einfach ausgedréckt: wann eppes méi haart, fest, schaarf ausgeschwat gëtt. Huele mer d’Verben, déi op leeden verweisen, déi
hunn all e Stamm op d. Duerch d’Ennverhäerdung gëtt d zu t: du leets, du reits, downloat! Dobäi kënnt, datt an der drëtter Persoun Singulier Present (hien/hatt/si), an der zweeter Persoun Pluriel Present (dir) an am Imperativ kee weideren t kënnt: si dult, dir ënnerscheet, hie lant, si streit.
D’Verben, déi roden oder broden als Basis hunn, hunn och e Stamm op d. Wa kee Vokal hannerum Stamm kënnt, gëtt duerch d’Ennverhäerdung och hei d zu t (du réits). An der drëtter Persoun Singulier (hien/hatt/si), an der zweeter Persoun Pluriel Present (dir) an am Imparfait kënnt keng extra Flexiounsendung t dobäi (si beréit, dir verrot, brot!). Et gëtt hei awer nach en zousätzleche Phenomeen, wéi d’Beispill ewell gewisen huet: An der zweeter an an der drëtter Persoun Singulier Present gëtt de Vokal o zu éi: du beréits, hie bréit. Dofir kann ee leeden a roden net an der selwechter Pan broden.
Well et ganz vill Variatioune bei de Phenomeener gëtt, huet ee Verbtabellen, déi just fir sech selwer stinn: Kaalwen ass esou en Unikum. Hei verännert sech de Stamm vu kaalw zu kalef. Duerch d’Quantitéitsreegel gëtt dann aa zu a: d’Kou kaleft. Och d’Verb widmen ass speziell, well et aus dem Däitsche geléint ass. Verschidde Flexiounsendungen orientéiere sech um däitsche Muster (du widmes, hien/Dir widmet, widme!, widmet!, gewidmet), keen anert lëtzebuergescht Verb funktionéiert esou.
Am Kontrast dozou: Ronn 1 300 Verbe verweisen op dat reegelméissegt Verb probéieren an iwwer 2 400 Verbe verweisen op dat reegelméissegt Verb schaffen. Dorënner dreemen, laachen, kräischen. Hire Stamm hält mat engem Konsonant op an de Stammvokal bleift am Present onverännert. Well bei der Verweisstruktur de Participe passé net berücksichtegt gouf, muss een dofir an d’Verbelëscht hannen am Buch kucke goen: äntweren – geäntwert; begräifen – begraff; bréngen – bruecht; drénken – gedronk; opschaffen – opgeschafft; trëllen – getrollt.
Fir d’Mustertabelle goufen iwweregens Verben erausgesicht, déi besonnesch heefeg am LOD nogesicht ginn. Et géif d’Editeure vum Buch „D’Lëtzebuerger Verben“(ISBN 97899959-1-205-5, 256 Säiten, 18 Euro), dat geschwënn am Handel ass, freeën, wa souwuel Mammesproochler wéi och Net-Mammesproochler vun de Verbtabelle kéinte profitéieren, och fir eng Impressioun dovun ze kréien, wéi vilfälteg d’Verbbildung am Lëtzebuergeschen ass a wéi d’Struktur vun där Sprooch ausgesäit, déi mer esou vill an esou gär benotzen, schreiwen, héieren a léieren. Et gouf versicht ze dokumentéieren, wat effektiv benotzt gëtt an net ze vill regional beschränkt ass, an dat ze systematiséieren an ze strukturéieren, an der Hoffnung, datt d’Verbebuch jidderengem déi Äntwerte gëtt, déi en dra sicht – vun abalsaméieren bis zwiwwelen.
An den LOD ginn och an Zukunft weider Verbe mat hirer Konjugatioun opgeholl. Et fënnt ee se awer och schéin iwwersiichtlech um Internetsite verben.lu.
Kaalwen a widmen um Wupp
* mam Isabel Andrade Bento, Dr. Caroline Döhmer, Alexandre Ecker